lb fr pt en
 
7. Januar 2020

De 26. Januar: De Sonndeg vum Wuert Gottes

Mellt Iech elo un fir eng “Matinée pastorale” am Virfeld vum 3. Sonndeg am Joreskrees

Am Motu proprio Aperuit illis vum 30. September 2019 huet de Poopst François den 3. Sonndeg am Joreskrees als Sonndeg vum Wuert Gottes proklaméiert. Dat ass dëst Joer de 26. Januar 2020. Duerfir invitéiert de Generalvikar Patrick Muller déi Geeschtlech an Diakonen, d’haaptamtlech MataarbechterInnen, d’Memberen aus den Equipes pastorales an d’Uerdensschwësteren a Bridder ganz häerzlech fir dee Sonndeg d’Verkënnegung vum Herrgott sengem Wuert ganz besonnesch ervirzehiewen an d’Wichtegkeet vun der Relatioun tëscht dem Operstanenen an der Gemeinschaft vun de Gleewegen duerch d’Helleg Schrëft nei ze entdecken a rituell ze ënnersträichen.

Nieft e puer Virschléi fir d’Liturgie vum 3. Sonndeg am Joreskrees invitéiert de Generalvikar häerzlech fir un enger Matinée pastorale en vue du Dimanche de la Parole deelzehuelen, déi vum Service de la Pastorale organiséiert gëtt en Dënschdeg, den 21. Januar 2020, vun 9.30 bis 12 Auer an der Maison d’accueil vun de Franziskanerinnen (50, av. Gaston Diderich, L-1011 Luxembourg). Hei besteet och d’Méiglechkeet fir zesummen zu Mëtteg z’iessen.

De Programm vun dëser Matinée

- 9.30 Auer: Accueil (Café/Croissant)

- Presentatioun op Franséisch vum Motu proprio Aperuit illis duerch den Här Luis Martinez, Referent fir Bibelpastoral a vum Vademecum «La Parole de Dieu, sève et nourriture dans la vie de la paroisse». deen op däitsch an op franséisch ausgedeelt gëtt - Dokumenter hei drënner.

- Gemeinsaamt Liese vum Evangelium vum kommenden 3. Sonndeg A (Mt 4,12-23) am klenge Grupp, mat Austausch an engem Moment vu Gebiet.

- 12 Auer: Méiglechkeet fir zesummen zu Mëtteg z’iessen (Käschtebedeelegung: 15 €).

Mellt iech w.e.g. spéitstens bis en Donneschdeg, de 16. Januar 2020, u mat Hëllef vu folgendem Link oder iwwer Telefon um 462023-42 (Sekretariat vum Service de la Pastorale).

Vademecum: „Das Wort Gottes als Lebenssaft und Nahrung in der Pfarrei“
Vademecum: «La Parole de Dieu, sève et nourriture dans la vie de la paroisse»
Lieszeechen
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu