lb fr pt en
Wallfaart op Lourdes . Pèlerinage à Lourdes  
7. August 2015

Lourdes – d’Freed vun der Missioun

D’Priedegte vum Dechen Tom Kerger während der diözesaner Pilgerrees 2015

Priedegten vum Dechen Tom Kerger (PDF)

Priedegt 1 – 19.7.2015

Een Mann stung enges Dags um Quai vun enger Gare. Ët huet gereent. Op eemol ass een Clochard mat enger Béiersfläsch am Grapp op ën duerkomm. Deen éischten Mann huet an eng aaner Richtung gekuckt, mä den Clochard huet hien mat der Béiersfläsch op d’Schëller getippt an ën gefroot: „Soo, gleews du un Gott?“ Den Mann war ganz erstaunt an ën huet bëschen veronsëchert geäntwert: „Jo.“ An ën huet sech schons drop agestallt, fir eng Äntwert ze fannen op déi soss üblech Fro: “Dann weis mir ën mol!“ Awer den Clochard huet just traureg gesoot: „Waat hues du ët dann gutt!“ Deen aaneren Mann huet den Clochard dunn méi genau ugekuckt. An d’Gesiicht vum Clochard war ganz midd, zerfall.

Léif Bridder a Schwësteren!

„Waat hues du ët dann gutt!“ Ët war sëcher nët déi Äntwert, déi den Mann sech vum Clochard erwaard huet. Den Clochard wollt nët e puer Suën, fir sech déi nächst Fläsch Béier ze kaafen an duerch den Alkohol säin Misär ze erdrénken; den Clochard wollt nët domm Remarquen maachen iwert deen Gott, deen hien scheinbar am Stach gelooss huet. Neen, den Clochard war ganz einfach midd, midd vum Liewen, waat ën geprägt huet, midd vun deem, wéi an sengem Liewen alles den Bierg roofgaangen ass, midd vun engem Liewen, daat fir hien keng Zukunft méi haat. An an senger Middegkeet huet hien no deem verlaangert, waat him erëm kéint Halt ginn, awer fir daat hien scheinbar d’Kraaft nët méi haat, fir hinzekommen. „Waat hues du ët dann gutt, dass du u Gott gleefs“ – an dëser Aussoo fällt alles zësummen, waat den Mann an deem Moment um Häerzen haat, waat hien belaascht huet: säin Liewen ouni Perspektiv an gläichzäiteg säin Verlaangeren no Gott, deen him kéint Halt ginn.

Jo, léif Bridder a Schwësteren! „Waat hues du ët dann gutt!“ – „Waat hun mir ët dach gutt, dass mir gleewen kënnen!“ Wëll daat, waat den Clochard vun der Geschicht vermësst huet fir sech selwer, daat hunn mir vu Gott geschenkt kritt: dass mir am Glawen stoën kënnen, dass mir eis un dësem Glawen festhaalen kënnen, dass dësen Glawen eis stäipen kann, dass dësen Glawen eis droën kann! Sëcher, daat wëssen mir alleguerten, heiansdo ass dësen Glawen och ganz fragil, mëschen sech staark Zweifelen mat eran: mir giffen jo gären daat eent oder aanert gleewen kënnen, mir hätten jo gär duerch eisen Glawen daat eent oder daat aanert, awer eisen Geescht an eist Häerz sinn schwaach an flüsteren eis lues an d’Ouer: „an wann alles awer nët stëmmt mat dem Glawen? An wann alles awer ëmsoss ass?“

Eisen Glawen kennt och déi Momenter, wou mir keng Kraaft méi hunn, wou alles, waat mir maachen scheinbar schief geet, wou all eis Ustrengungen scheinbar näischt bréngen, wou ët eis nach ëmmer nët besser geet, wou eis Krankheet an eis Schwaachheet sou grouss sinn, dass mir drop an drun sinn, all eis Hoffnungen ze verléieren, wou mir den Courage verléieren, déi lescht Zouversiicht, wou mir ët einfach nët méi packen, wou mir ët einfach nët méi erdroën kënnen. Do ass dann oftmols vun der Kraaft vum Glawen näischt méi ze fannen, an mir soën eis, wéi den Clochard vun der Geschicht: „wat hunn déi ët dann gutt, déi am Glawen alles erdroën kënnen!“

Op déer enger Säit hunn mir den Glawen, deen eis stäipt, op déer enger Säit kënnen an daerfen mir aus dësem Glawen eraus liewen – an op déer aanerer Säit wëssen mir awer och, dass dësen Glawen heiansdo nët duergeet, dass ën eis iergendwéi fehlt. An dach, léif Bridder a Schwësteren, dach hun mir dësen Glawen, zeguer dann, wann scheinbar alles an sech zësummen fällt, wann d’Zweifelen an d’Schwaachheet am Glawen do sinn, zeguer dann nach kënnen mir drop vertrauen, dass Gott eis an dës besonnesch Bezéihung vum Glawen un sech gebonnen huet. „Waat hunn mir ët gutt, dass mir gleewen kënnen!“ Daat ass op enger Plaaz wéi Lourdes dach eng immens Erkenntnis. Wëll ouni eisen Glawen kéinten mir hei zu Lourdes just ganz vill Misär gesinn, ouni eisen Glawen giffen mir hei just Mënschen gesinn, déi an hiirer Krankheet, an hiirer Gebriechlechkeet, an hiirer Schwaachheet, an hiirer Sich no Trouscht, no Halt, no Liicht heihinner giffen kommen, an wou mir, ouni eisen Glawen, missten soën: waat wëllen së dann alleguerten hei? Ouni eisen Glawen giffen mir just déi vill Buttiker gesinn, déi virun allem eppes wéilten, nämlech den Leit Suën oofzeknäppen an gutt Geschäfter ze maachen.

Awer duerch eisen Glawen, do gët Lourdes op eemol zu engem wonnerbaren Zentrum, do gët Lourdes zu déer Plaaz, wou mir déi besonnesch Bezéihung mat Gott regelrecht spieren kënnen. Duerch eisen Glawen gët Lourdes zu déer Invitatioun, déi den Jesus sengen Jünger am Evangelium vun haut seet: „Kommt mat op eng ofgeleeë Plaz, wou dir fir iech sidd, a rascht e bësschen!“ Jo, hei ass déi Plaaz, wou mir wiirklech mam Jesus raschten kënnen, wou mir zur Rouh fannen kënnen. Mir hunn ee gudden Programm, daat ass richteg an mir waerten vill heihinner an dohinner ënnerwee sinn. An dach kann een ëmmer erëm bei alledeem spieren, dass hei eng Plaaz ass, wou mir Rouh fannen kënnen, wou eist Häerz zur Rouh kommen kann, wou mir eis lassloossen kënnen, wou mir eis ganz einfach an d’Hänn vu Gott, an an d’Hänn vu Maria faalen loossen kënnen. „Waat hunn mir ët gutt, dass mir gleewen kënnen!“ Wëll dann kënnen mir hei zu Lourdes déi Gnodenplaaz erkennen, wou Gott eis an senger Léift nach eng Kéier d’Maria ganz besonnesch an ganz staark an sëcher zur Säit stellt. Daat, waat den Jesus vum Kräiz eroof gemaach huet, an waat mir duerch eis Oktavevangelium schons auswänneg kënnen, wou den Jesus sengem Jünger, wou den Jesus eis alleguerten seng Mamm als eis Mamm geschenkt huet, daat ass hei ganz konkret nach eng Kéier geschitt. Hei zu Lourdes gët eis d’Maria nach eng Kéier als eis Mamm geschenkt an proposéiert an virun Aan gestallt. Hei ginn mir nach eng Kéier ganz besonnesch der Maria als hiir Kanner uvertraut, hei vertraut de Jesus eis nach eng Kéier der Maria un an hei vertraut hien och d’Maria eis selwer un.

An dofir daerfen mir an dësen Deeg daat wiirklech erliewen, wéi gutt an schéin ët ass, dass mir gleewen kënnen, dass Gott eis sou immens gären huet, dass hien eis daat wonnerbart Geschenk vum Glaawen ginn huet. Gottes Léift, Gottes Barmhaerzegkeet ass wiirklech sou immens grouss, dass mir eis einfach an dësen Deeg komplett an d’Hänn vu Gott an an d’Hänn vu Maria faalen kënnen loossen. Mir daerfen lassloossen: eis Gewiichter, eis Problemer, daat, waat eis bedréckt, daat, waat eis bewegt, eis kierperlech Gebriechen an Krankheeten, an alles, waat mir u Schwéierem mat heihinner bruecht hunn. Hei gët ët een, deen daat alles fir eis dréiht, oder besser nach: deen daat alles mat eis dréiht. An duerfir daerfen mir dës Deeg wiirklech als eng Chance gesinn, déi mir hunn, eng Chance, wou mir een deen aaneren eis an eisem Dosinn, an eiser Léift, an eisem Respekt géigensäiteg droën, wou mir eis erfréen daerfen un deem, dass mir hei ganz no bei Gott sinn, a bei Maria, senger an eiser Mamm.

Jo, „waat hunn mir ët gutt, dass mir gleewen kënnen!“ Wëll doduercher sinn mir nët eléng, doduercher sinn mir gedroën. An schlussendlech: doriwwer daerfen mir eis fréen, an daerfen mir déi Freed vun eisem Glawen, déi Freed vu Gott och ausstrahlen, daerfen mir een deem aaneren dës Freed am Glawen virunginn: bei Gott, mat Gott an an Gott – bei Maria, mat Maria an an Maria – beienaaner an matenaaner, jo, fréen mir eis, dass mir gleewen kënnen an dass mir dës Freed vum Glawen matdeelen an liewen.

Amen.

Priedegt 2 (bei der Grott) – 20.7.015

Léif Bridder a Schwësteren!

Ët ass ee Moment, wou d’Freed sou richteg rausspruddelt: d’Maria, déi grad eréischt vum Engel Gabriel verkënnegt kritt huet, dass sie op wonnerbar Aart a Weis ee Kand, jo, de Jong vu Gott, giff empfänken, leeft bei hiir Cousine Elisabeth, eng aal unfruchtbar Fra, déi no den Wieder vum Engel schons am 6. Mount schwanger ass. Déi zwou ënnerschiddlech Fraën begéinen sech an, wéi ët op villen Duerstellungen gewisen gët, faalen së sech vu Freed an d’Aarm. Un hinnen zwou ass eppes Wonnerbares geschitt, an d’Freed een iwert deen aaneren an een fir deen aaneren, déi spruddelt sou richteg aus hinnen eraus. Nach ass d’Maria nët richteg ukomm, do begréisst d’Elisabeth sie schons mat den Wieder – am Text heescht ët: sie huet haart geruff: „Geseent bass du ënner de Fraen, a geseent ass d’Fruucht an dengem Schouss! … Well kuck, wéi ech däin Grouss héieren hunn, huet d’Kand a mengem Schouss sech vu Freed beweegt. Glécklech ass déi Fra, déi gegleeft huet, datt dat an Erfëllung geet, wat hir vum Här gesot gouf!“ An d’Maria, och sie bleift nët einfach roueg an genéisst de Moment, mee och aus hiir spruddelt ët vu ganzer Freed eraus: Meng Séil verkënnegt d’Gréisst vum Här, a mäi Geescht jubiléiert iwwer Gott, mäi Retter… Jo, vun elo un heesche mech glécklech all d’Generatiounen, well dee Mächtegen huet fir mech Grousses gedoen.“ Ët ass wiirklech ee ganz wonnerbaren Moment, vun deem mir hei Zeien ginn, ee Moment, wou den Heelsplang vu Gott op engem Héichpunkt ass, ee Moment, wou Wonnerbares, Aussergewéintleches geschitt, ee Moment vun héchstem Gléck an ganzer Freed. Déi zwou Fraën fréen sech vu ganzem Haerzen, nët nëmmen dodriwwer, sou wéi all Fraën, dass sie een Puppelchen erwaarden, mee dodriwwer, dass sie deen besonneschen Moment vum Heel vu Gott daerfen erliewen, dass sie am Mëttelpunkt stinn vun dem Handelen vu Gott, deen seng Barmhaerzegkeet duerch sie zur Erfëllung wëll bréngen. Sie erkennen, dass sie vu Gott auserwielt sinn, fir zu dësem wichtegen Moment vun der Geschicht, him, Gott, kënnen ze déngen, sech dësem Gott an sengem Heelsplang daerfen zur Verfügung ze stellen.

Ët ass wiirklech een ganz aussergewéintlechen Moment an der Geschicht vu Gott mat den Mënschen, an duerfir ass ët och vläicht guer nët verwonnerlech, dass déi, déi dësen Moment realiséieren, och a grousser Freed ausbriechen. Mee, léif Bridder a Schwësteren, dir wësst jo, wéi ët sou mat Héichpunkten ass: no dem Héichpunkt kënnt meeschtens erëm den Alldag an d’Ernüchterung (an Klammeren gesoot: soss wier ët jo och keen Héich-Punkt). An wann mir bei eis selwer kucken, dann spieren mir eis wuel meeschtens éischter an dëser ënneschter Phas, am sougenannten „groën Alldag“, woubäi d’Faarw „gro“ wuel ganz zoutreffend ass, weder eppes ganz däischteres, nach eppes ganz helles, eben daat ganzt Normalt, keen Extrem vu groussem Leed – Gott sei Dank!, awer och leider keen Extrem vu grousser Freed. Wéi kann een awer do dann sou richteg Freed ëmfannen, wann alles sou virun sech hinleeft, säin gewinnten Wee geet, mat deem normalen Op an Oof? Ee Grond fir grouss Freed hun mir oftmols nët, an deementspriechend ass och meeschtens den Ausdrock an eisen Gesiichter. An erlaabt mir déi Fro: Strahlen mir als Chrëschten iwerhaapt nach Freed aus? Oder sinn mir ewell sou krispéiert ginn, dass een un eis nët méi kann wiirklech Freed erkennen?

Den bekannten däitschen atheisteschen Philosoph Friedrich Nietzsche huet eng Kéier gesoot: „Die Christen müssten mir erlöster aussehen. Bessere Lieder müssten sie mir singen, wenn ich an ihren Erlöser glauben sollte.“ Huet hien heimadder nët de Fanger riicht an d’Wonn vun eis Chrëschten geluecht? De Mangel un eiser Ausstrahlung, de Mangel un der sichtbarer Freed vum Evangelium (wéi eisen Poopst Franziskus ët seet), de Mangel un der sichtbarer Freed fir Christus ass sëcherlech een vun den Haaptgrënn, firwaat ët mat eisem chrëschtlechen Glawen villfach an eisen Géigenden biergoof geet – dovunn sinn ech ëmmer méi iwerzeegt. Wann een eis chrëschtlech Gemeinschaften ukuckt, dann mengt een wiirklech, dass mir all an engem schrecklechen Leed dranwieren, an dass mir all ët schrecklech schwéier hätten. Vun der Dynamik, der Schéinheet, der Freed vun eisem Glawen ass do oftmols nëmmen ganz wéineg ze spieren. Hutt dir iech schons eng Kéier déi Fro gestallt, wéi dir, wéi mir all op Aussenstehender wuel wierken? Wann een eis gesäit, kann een dann iwerzeegt ginn, dass Glawen eppes Schéines, eppes Frouhes, eppes Wertvolles an Wichteges ass?

Sëcher, oftmols ass ët engem vläicht nët fir ze laachen, kierperlech an séilesch ass een bedréckt, huet Suergen, Ängschten, Trauer, déi een beschäftegen. Awer als Chrëschten kéint eisen Bléck sech och doriwwer erhiewen, sech ausstrécken no déer grousser innerer Freed, déi vu Jesus Christus kënnt, déi hien selwer ass, déi hien selwer eis an eist Liewen wëllt eranbréngen. Daat heescht nët, dass mir eis Suergen, eist Leed, eis Nout nët giffen eeschthuelen, dass dofir an eisem Liewen keng Plaaz dierft sinn – daat wier schrecklech an onmënschlech! Neen, ët heescht just, dass eisen Bléck méi wäit kann goën, mir daat Liicht, daat um Enn vun all Tunnel ass, an den Bléck huelen, an d’Däischtert vum Tunnel erliewen mat deem hellen Bléck vun deem Liicht, daat virun eis läit, an daat ëmmer Jesus Christus ass. An dann kann och trotz allem Leed, waat eis bedréckt, d’Freed vu Jesus Christus eis erfëllen an duerch eis ausstrahlen.

Chers frères et sœurs! Apprenons donc à redécouvrir la vraie joie du Christ en nous. Ce n’est pas simplement à Marie seule que « le Puissant a fait des merveilles ». Non, c’est aussi nous-même que le Seigneur comble de ses bienfaits, de son amour. Et donc, comme Marie, nous pouvons nous réjouir, exulter, exprimer toute notre joie et porter surtout cette joie de Dieu, cette joie de la Foi sur nos visages. Ici, en ce lieu saint de la Grotte, nous pouvons vivre un moment particulier et regarder ensemble vers cette femme qui autrefois apparut ici à Bernadette. C’est cette « dame » si merveilleuse, si belle, si tendre qui est là, pour nous et avec nous. Regardons vers Marie, laissons-nous imprégner par cette joie qui fut la sienne. Laissons-nous attirer vers elle et chanter avec elle le Magnificat, que notre âme exalte le Seigneur et exulte notre esprit en Dieu, notre Sauveur ! Je suis émerveillé à chaque fois que je suis ici devant la grotte pour prier et en même temps voyant toutes ces foules de gens qui y défilent. Oui, il y en a là beaucoup de mal, beaucoup de peine, beaucoup de misère, beaucoup de tristesse, de deuil, tous ces maux visibles et invisibles que les gens amènent ici. Mais à chaque fois aussi, l’on peut découvrir des visages rayonnants de joie, parce qu’ils ont eu la chance de pouvoir venir ici, d’avoir pu s’approcher de ce rocher, de le toucher et de toucher en ce rocher un moment de tendresse de Dieu et de Marie. Que c’est beau, chers frères et sœurs ! Cela peut toucher notre coeur, cela peut ébranler notre esprit et le tourner à nouveau vers cette joie infinie qui vient de Dieu.

Redécouvrons ici, en ce lieu si merveilleux et si saint, la joie intime, la vraie joie de Dieu. Et remettons cette joie sur nos visages, que nous puissions témoigner de nouveau de cette joie de Dieu, que nos visages et nos cœurs resplendissent à nouveau de cette joie. Et ainsi nous pouvons redevenir de vrais témoins de la joie de Dieu et contaminer notre monde de cette joie de l’Amour, de l’Espérance, de la Foi ! Et que la joie de Dieu soit toujours avec vous tous!

Amen!

Priedegt 3 (Krankesalbung) – 21.7.2015

«Je voulais faire le signe de la croix, je ne pus porter la main au front : elle m’est tombée. La vision fit le signe de la croix. J’essayais de le faire et je pus…»

Léif Bridder a Schwësteren!

Dir kennt dës Aussoën sëcherlech: mat dësen Wieder beschreift d’Bernadette jo d’Geschéihen bei der éischter Erscheinung vun der Muttergottes. Hatt wëllt d’Kräizzeechen maachen, awer ët geet nët, an eréischt wou d’Muttergottes selwer d’Kräizzeechen mëcht, do kann d’Bernadette ët och maachen. Ët ass, wéi wann d’Muttergottes dem Bernadette an och eis wéilt soën oder weisen, dass sie eis féieren wëllt, dass sie eis leeden wëllt an eisen Gebieder, dass sie eis selwer wëllt mat eranhuelen an déi enk Bezéihung tëscht hiir an hiirem Jong Jesus Christus.

An nach méi gët an dësem Geste vun der éischter Erscheinung däitlech: d’Kräizzeechen, jo d’Kräiz selwer an d’Maria sinn op d’alleréngst mateneen verbonnen. An daat brauch een jo eis Lëtzebuerger un sech nët extra ze soën, wëll ët ass jo grad d’Evangelium vun der Muttergottes ënnert dem Kräiz vum Jesus, daat mat eiser Oktav, daat mat eiser Tréischterin op d’alleréngst verbonnen ass. D’Kräiz ass ganz zentral, besonnesch och am Liewen vun der Muttergottes. An domadder mëcht sech awer och däitlech, dass d’Kräiz, d’Zeechen vum Kräiz och fir eis ganz zentral an eisem Liewen muss stoën. Ech sinn heiansdo ganz traureg, wann ech gesinn, dass vill Leit nët méi wëssen, wéi d’Kräizzeechen gemaach gët, oder wann ech gesinn, wéi och eiser Leit, déi regelméisseg an d’Kierch kommen, d’Kräizzeechen sou maachen, wéi wann së eng Méck wéilten verjoën, oder virun allem och, wann ech bei der Préparatioun vun der Eischter Kommunioun muss feststellen, dass d’Elteren versoot hunn, fir hiiren Kanner dëst einfacht an fundamentalt Zeechen vun eisem Glawen bäizebréngen. Daat deet wéi, wiirklech wéi, wëll ët einfach weist, wéi wäit weg mir aus eisem Liewen dëst wonnerbart Zeechen verbannt hunn.

An dobäi ass d’Kräizzeechen sou een schéint an einfacht Zeechen, een Mini-Gebied an allerhéchster Form, eng Erënnerung un Gott, deen dräifalteg ass, eng Erënnerung un daat onviirstellbart Heelswierken vu Jesus Christus, deen um Kräiz sech regelrecht hingeaffert, komplett hinginn huet aus purer Léift zu eis Mënschen ; awer och eng Erënnerung un d’Gemeinschaft vun all deenen, déi sech zu Jesus Christus bekennen. Jo, d’Kräizzeechen ass wiirklech d’Erkennungszeechen, d’Markenzeechen vun eis Chrëschten. An kengem aaneren Zeechen kënnen mir eis erëmfannen, keen aanert Zeechen ass an senger Kraaft sou staark wéi d’Kräiz. An vläicht ass ët grad daat, dëst onbewosst Ëmfannen, dass dem Kräiz vum Jesus keng aaner Muecht op dëser Welt gläichkënnt, fir dass vill Mënschen mengen, sie missten d’Kräiz aus den öffentlechen Räim verbannen an verdrängen.

Sëcher, d’Kräiz ass een schrecklech grausamt Zeechen. Ween um Kräiz hingeriicht ginn ass, deen ass do regelrecht gefoltert ginn. Daat war keen séieren an kuurzen Doud, mee een schrecklecht laangt Leiden, wou schlussendlech all Kräften versoot hunn an een un Erstéckung qualvoll vergaangen ass. An wann bei dem Jesus do viirdrun nach daat gewaltsamt Auspeitschen geschitt ass, an den Jesus schons um Enn vun sengen Kräften op Golgotha gefouert ginn ass, dann daerfen mir effektiv schons vun enger regelrechter Folter an enger onmënschlecher Grausamkeet schwätzen. Den Jesus, daat ass onzweifelbar, ass regelrecht um Kräiz geschluecht ginn, wéi ët heiansdo an aalen Lidder heescht. Awer, wann daat alles wier, dann wier d’Kräiz effektiv een schrecklecht grausamt Zeechen an eng Zoumuddung fir all aaner Mënschen, zeguer och fir eis. Mee d’Kräiz vum Jesus, daat ass nach villméi. Wëll säin Doud um Kräiz, daat ass jo nët einfach nëmmen eng Hinriichtung vun engem Mënsch, deen den jiddeschen Obregkeeten vun deemols am Wee stung an deen sie mat enger bëlleger Ukloo doud maachen gelooss hunn, mee dem Jesus säin Doud um Kräiz, daat ass un alleréischter Stell d’Erfëllung vum Heelswierken vu Gott!

Gott selwer huet dësen Wee gewielt – fir eis onviirstellbar – fir eis Mënschen séng ganz Léift zoukommen ze loossen. Jo, ët ass fir eis un sech nët novollzéihbar, firwaat grad dësen sou grausamen, onmënschlechen Wee, mee ët ass deen Wee, deen Gott an sengem immensen Plang fir eis Mënschen rausgesicht an ageschloën huet. Gott wëllt den Mënschen seng ganz Léift erëm zoukommen loossen, an duerfir wielt hien den Wee vum Kräiz fir säin Jong. Gott wëllt eis Mënschen erëm ganz zu sech kommen loossen, wëllt eis Mënschen erëm ganz un sech bannen, eis ganzen Undeel un sech selwer schenken, hien wëllt eis erléisen, eis befreien aus der Gefaangenschaft vu Sënd an Doud, hien wëllt eis Mënschen erëm säin göttlecht Liewen vollkommen matdeelen, een Liewen, daat fräi ass vun der Endlechkeet, daat fräi ass vun der Vergänglechkeet, daat fräi ass vun der Gottesfernt. An nach eng Kéier: fir eis komplett onviirstellbar, awer dach deen Wee, deen Gott wielt!

An duerfir ass d’Kräiz fir eis Mënschen zu deem iwerwältegenden Zeechen ginn, deem keen aanert Zeechen gläichen kann. An duerfir ass ët richteg an gutt, dass d’Kräizzeechen ëmmer an bestänneg eist Markenzeechen bleift, dass d’Kräiz vu Christus zu eisem Liewen onageschränkt derzou gehéiert. Duerfir ass ët wichteg, dass mir d’Kräizzeechen duerch keen aanert Zeechen ersetzen, duerfir ass ët wichteg, dass mir d’Kräizzeechen ëmmer ganz bewosst, mat Andacht, mat Iwerzeegung an Iwerléung maachen. Ët ass wiirklech, wéi ech zum Ufank gesoot hunn, een kléngt, awer immens wichtegt an déifgehend Gebied. An virun allem ass an bleift ët fir eis ëmmer daat sëchert an däitlecht Zeechen vun der Léift vu Gott zu eis Mënschen.

Léif Bridder a Schwësteren! Aus dëser Léift vu Gott, do wiist awer och nach een aanert Zeechen erviir. Do ass sëcher d’Kräiz, awer do sinn och d’Sakramenter, an ganz besonnesch an dësem Moment och d’Sakrament vun der Krankensalbung. D’Léift vum Härgott, déi keng Grenzen huet, déi sou wäit gaangen ass, dass së Jesus Christus fir eis um Kräiz hinginn huet, déi weist sech och an dësem un sech einfachen Zeechen vun der Krankensalbung. D’Léift vu Gott geet bis an d’Leiden an an den Doud – daat seet eis d’Kräiz. An d’Léift vu Gott, déi mëcht sech och besonnesch däitlech am Leiden. Gott ass och do, an dem Moment vun der Schwaachheet, vun der Krankheet, vum Alter: dann, wann mir mengen, Gott hätt eis verlooss, wëll eisen Kierper nët méi wëllt, wëll eis Kräften versoën, wëll eng Krankheet eis bedréckt, leiden léisst, dann ass Gott och do mat dem Sakrament vun der Stäärkung. Den Ueleg, mat deem dir haerno d’Stier an d’Hänn gesaaleft kritt, dëst uuraalt Zeechen vun Heelung, deen zitt an är Haut an, an seet iech: Gott zitt mat sengem Hellege Geescht, mat senger Kraaft, mat sengem Dosinn an iech selwer, an är Häerzer, an äre Kierper an. Gott gët iech am Sakrament vun der Krankensalbung ganz noo, verbënnt sech mat iech, an wëllt iech duerchstréimen mat senger Kraaft, mat sengem Liicht, mat senger Léift. Gott hëllt iech souzesoën un der Hand an dréiht iech, grad an deenen Momenter vun der Schwaachheet, vum Bewosstsinn vun der Vergänglechkeet, an de Momenter vum Leiden. An un eis ass ët just, fir eis fir dës Léift vu Gott an fir säin Dosinn opzemaachen, fir eis duerchtränken ze loossen vun senger Léift, vun senger Präsenz, an fir dann dorauser och eis an eiser Hoffnung, an eiser Zouversiicht erëm stäärken ze loossen.

Léif Bridder a Schwësteren! Loossen mir dësen Moment einfach op eis wiirken, loossen mir eis einfach ranzéihen loossen an dës onbegrenzten, immens Léift vu Gott. Loossen mir eis, sou wéi d’Bernadette, féieren an leeden vun der Muttergottes, an elo zësummen mat Maria, zësummen viru Gott, zësummen een mat deem aaneren, dëst Zeechen vun der grousser Léift vu Gott iwert eis maachen, als eist einfachst Gebied, als eis Zoussoo zu deem, waat Gott eis schenkt. Loossen mir also elo zësummen d’Kräiz maachen, andächteg, respektvoll, lues an ganz bewosst: am + Numm vum Papp an vum Jong an vum Hellege Geescht.

Amen.

Priedegt 4 (Mass zum Ofschluss) – 23.7.2015

Ech hunn een Draam, léif Bridder a Schwësteren! Ech dreemen vun enger Kierch, déi lieweg ass, an an déer d’Freed vum Evangelium op den Gesiichter vun den Gleewegen strahlt. Ech dreemen vun enger Kierch, an déer ët erëm ganz an eléng ëm Jesus Christus geet, wou d’Evangelium gelieft gët, wou Nierwensächlechkeeten sinngelooss ginn. Ech dreemen vun enger Kierch, an déer een mat deem aaneren schafft an wiirkt an nët een géint deen aaneren, enger Kierch, déi erëm frouh ass, do ze sinn mat den Mënschen an fir d’Mënschen, an déer ët nët daat éiwegt Gejéimers gët, wéi schlecht ët eis geet an wéi béis së all mat eis sinn. Ech dreemen vun enger Kierch, déi mat grousser Freed Jesus Christus verkënnegt an bei d’Mënschen dréiht, déi ustiechend ass mat hiirer Begeeschterung, an déer d’Feier vum Geescht erëm brennt an lieweg ass. Jo, léif Bridder a Schwësteren, ech dreemen vun der Kierch vu Jesus Christus, der Kierch vun de Mënschen, der Kierch mat de Mënschen, der Kierch vum Glawen, der Kierch vun der Freed.

Den Erzbëschof Helder Câmara huet eng Kéier gesoot: „Wann een eléng dreemt, dann ass ët just een Draam. Wann der vill zësummen dreemen, dann ass ët den Ufank vun enger neier Wiirklechkeet!“ An ech stellen mir déi Fro: muss ech mäin Draam eléng liewen? Oder kënnen mir zësummen aus dësem Draam eng nei Wiirklechkeet maachen, d’Wiirklechkeet vun enger lieweger, frouher an gleeweger Kierch zu Lëtzebuerg, enger Kierch, wou de Glawen mat Begeeschterung gelieft gët, an wou mir ustiechend kënnen sinn, fir aanerer an deem Glawen zu Jesus Christus ze féieren? Kënnen mir zësummen den Schrëtt maachen, dass aus dem Draam Wiirklechkeet gët, oder bleift ët just een Draam, deen mat der Zäit verblatzt an vergiess gët?

Déi eng oder aaner vun iech wëssen, dass ech Ugangs Juni eisen Här Äerzbëschof op enger Missiounsrees an Mexiko hun dierften begleeden – an ech entschëllegen mech bei dësen Leit elo schons derfir, dass ech schons erëm dodermat ufänken, mee wéi heescht ët an der Bibel: wessen das Herz voll ist, läuft der Mund über. Ët war eng Rees, déi mech einfach geprägt huet, an daat op munnech Aart a Weis. Do ass einfach mol daat Land, Mexiko, un sech, een riesegt Land, een aarmt Land, awer wou d’Häerzlechkeet an d’Frëndlechkeet vun de Mënschen ganz natierlech ass. Sie hunn nët vill, mee daat, waat së hunn, daat wëllen së deelen an hiir Häerzlechkeet ass einfach immens. Mee do ass awer virun allem och déi reliéis Gemeinschaft, déi mir do besicht hunn. „Verbum Spei“ – Wuert vun der Hoffnung nennen sie sech, eng ganz nei Grëndung am Bistum Saltillo am Norden vu Mexiko, déi eng immens Ausstrahlung huet. Haaptschwéierpunkt vun hinnen, déi eng ronn 40, virun allem ganz jonk Bridder hunn, ass d’Missioun an den Aarmenvéirel vun hiirer Stad, woubäi ët do manner drëm geet, fir sozial Aarbechten ze maachen, wéi virun allem de Mënschen do Jesus Christus bäi ze bréngen, së mat Jesus Christus unzestiechen an hinnen d’Evangelium ze verkënnegen. Ganz zentral awer steet an hiirem Dagesooflaaf déi stëll Anbetung vum Allerhellegsten, moies fréih virun allen aaneren Gebieder an ëmmer erëm och während dem Dag. An ët mierkt een wiirklech bei hinnen, wéi dësen Zentrum hiirt ganzt Liewen prägt an ausmëcht, jo, wéi aus deem Zentrum, deen Jesus Christus ass, hiirt Liewen an Wierken ausstrahlt. An virun allem spiert een bei der ganzer Gemeinschaft, bei allen Bridder, dass do d’Freed vum Glawen wiirklech do ass. Sie hun eng Ausstrahlung gehaat, déi onbeschreiflech ass – an ech muss agestoën: sie hunn mech ugestach, an zwar nët ze knapps. Jo, léif Bridder a Schwësteren, während mir zu Lëtzebuerg amgaangen sinn, villes Aales ofzeschaffen an ze jéimeren an ze kloën an ze streiden, do hunn ech bei hinnen déi immens Freed vum Glawen, vum Evangelium, déi Freed vu Jesus Christus erëm nei kennen geléiert. An haut nach, wann ech drun zeréckdenken, oder wann ech mat deem engen oder aaneren Brudder kommunizéieren – dank Facebook an chat ass daat och iwert déi Distanzen méiglech – dann verspieren ech a mir vun dëser immenser Freed. An ech wënschen mir, dass och eis Kierch zu Lëtzebuerg vun dëser Freed erëm nei infizéiert kéint ginn, dass mir alleguerten erëm dës Freed vu Christus nei entdecken kéinten an aus dëser Freed, aus dëser Begeeschterung nei liewen kéinten.

Zanter Mexiko sinn ech an eppes gestäärkt ginn: nämlech an menger déifster Iwerzeegung, dass ët nach ëmmer méiglech ass, dass an eiser Kierch erëm nei déi Freed kann entstoën, dass mir erëm frouh an glécklech an eisem Glawen kéinten ginn, jo, dass mir selwer zu Spigelen ginn vun dëser Freed an déi Freed erëm ausstrahlen, sou dass och aaner Mënschen vun eiser Freed vum Glawen ugestach kéinten ginn. Déi Sëcherheet hunn ech do kritt – an wéi virdrun gesoot, dreemen ech dervun, dass och mir alleguerten erëm ugestach kéinten ginn an ausstrahlend wieren.

Mee wéi soll daat goën? Mir sinn villfach midd ginn an eisem Glawen, och vläicht bëssen niddergedréckt an enttäuscht. Mir gesinn, wéi rondrëm eis de Glawen manner gët, mir gesinn vill wertvoll Saachen an wichteg chrëschtlech Werter verschwannen. An daat bedréckt eis, mir maachen eis Suergen, och ëm eis Kanner an Kandskanner, déi sech ëmmer méi vum Glawen entfernen. Daat alles mussen mir eeschthuelen, ouni Zweifel. Awer kommt, mir probéieren mol eppes aaneres! Kommt, mir versichen déi positiv Zeechen vun der Zäit erëm ze entdecken! Kommt, mir maachen eis op d’Sich no deem, waat Gott eis u Guddem an der Welt an bei eis weist! Ët ginn ganz vill positiv Zeechen vum Glawen, vum Evangelium, vun der Freed, och bei eis, och an eisen Gemeinschaften. An déi gëllt ët, erëm ze entdecken, auszegruewen, ze förderen an ze stäärken. Déi nei Conventiounen, déi den Staat mat der Kierch vu Lëtzebuerg oofgeschloss huet, déi bedeiten sëcherlech den Verloscht vun villem, waat eis wichteg war. Mee sie sinn awer och eng Méiglechkeet, fir vill aalen, onnëtzen an schwéieren Balast oofzegeheien, an eis nei opzemaachen op den wiirklechen Wee vu Gott. Gesinn mir ët als eng Chance an eng Erausfuerderung un, fir grad elo mat unzepaaken an déi nei Kierch, déi freedeg Kierch, déi gleeweg Kierch nei mat opzebauen. Erkennen mir, wéi an jonken Famillen op eemol erëm een Interessi fir Gott, fir den Glawen opbrëcht – sëcherlech nët an groussen Zuelen, an dach am Wéinegen ganz intensiv an iwerzeegt! Erkennen mir, wéi bei jonken Mënschen op eemol déi Dimensioun vu Gott an hiirem Liewen erëm gräifbar gët, wéi së ugeschwaat sin ginn vun enger reliéiser Erfahrung oder enger Rees mam Äerzbëschof! Erkennen mir, wéi Mënschen erëm prett sinn, sech villméi fir dës Kierch an aus dem Glawen eraus och fir aaner Mënschen, z.B. Flüchtlingen, oder och Kranker a Behënnerter, asetzen wëllen! Asw. asw. Daat sinn dach Zeechen vum Wierken vum Härgott, vum neien Opbroch! An un deem matzemaachen, matzeschaffen, ën mat ze droën, ën ze begleeden, ën positiv erviir ze sträichen, daat sollt fir eis alleguerten déi grouss Freed vun der neier Missioun sinn. An wann deen een oder aaneren kierperlech ze schwaach an ze midd ass oder sech ze aal spiert, dann invitéieren ech ën, fir déi nei Bewegung, déi nei Missioun, am Gebied ze droën an ze begleeden. Den Hellegen Poopst Jean-Paul II. huet daat ëmmer erëm vis-à-vis vu Kranken wiederholl: wéi wichteg hiirt Leiden an hiirt Gebied fir d’Liewen vun der Kierch ass. Affert ärt Leiden an ärt Gebied fir eis Kierch vu Lëtzebuerg op, droot an ären Gebieder eis Kierch, eisen Äerzbëschof, eis Geeschtlech, eis haaptamtlech Laien, all Männer a Fraën, déi sech an engem groussen an onermiddlechen Engagement op verschiddenen Plaazen hiirgin – sou wéi d’Maria, déi am Stëllen am Hannergrond stung, an d’Missioun vun hiirem Jong duerch hiir Präsenz an hiirt Gebied, awer och duerch hiirt Leiden matgedroën huet. Sie ass ëmmer déi, déi op Jesus Christus hinweist an hinféieren wëllt, an op hiir Mat-Ënnerstëtzung daerfen mir eis ganz einfach och bei der neier Missioun verloossen.

Léif Bridder a Schwësteren, loossen mir alleguerten drun matbauen, duerch eist Engagement, duerch eisen Asaatz, duerch eist Gebied an eist Dosinn, dass bei eis d’Kierch erëm wiisst, dass eis Kierch lieweg ass, dass eis Kierch d’Freed vum Evangelium, d’Freed vum Glawen erëm nei entdeckt an virun allem ausstrahlt op all aaner Mënschen hinn. Mäin Draam vum Ufank soll keen eenzelnen Draam bleiwen, mee loossen mir ën alleguerten zësummen dreemen, fir dass dorauser déi nei Wiirklechkeet entstoën kann vun der lieweger an frouer Kierch, déi ustëcht a begeeschtert.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu