lb | fr | pt | en |
Nei um Bichermaart: D’Matthäus- an d’Johannes-Evangelium
D’Bibel op Lëtzebuergesch: 2 Evangelien elo am Onlinehandel ze kréien
„Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft […] zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.“
+ Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg. D’Evangelium nom Matthäus an d’Evangelium nom Johannes stinn an der Nofolleg vun der éischter offizieller Iwwersetzung vun Evangelientexter a Lëtzebuerger Sprooch. D’Iwwersetzunge si gemaach ginn vum Grupp fir d’Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch.
Beid Täschebicher, éditéiert vum Äerzbistum, sinn elo bei Books on Demande erauskomm:
D’Evangelium nom Matthäus (ISBN 978-3-7528‐1519‐1, 124 Säiten), D’Evangelium nom Johannes (ISBN 978‐3-7528-1517-7, 100 Säiten), Books on Demand, 2018, 12 x 19 cm, 7 Euro (geschwën och als E-Book fir 5,49 Euro).
Den Erléis ass fir d’Fondation Sainte-Irmine.
Elo am Online-Handel - z.B. www.bod.de/buchshop an www.amazon.de - a geschwën ë.a. och am Service Communication et Presse an am Bicherzelt ze kréien!