lb fr pt en
Persönliche Kommentare  
28. Abrëll 2018

Dat hues du gutt gemaach!

E ganz perséinlechen Impuls

Wéi liicht fält et eis, ze soen: “Dat hues du gutt gemaach! Dat war flott! Do ass du awer eng super nei Iddi. Dat war erfrëschend!...” Wéi liicht fält et eis, deen aneren ze valoriséieren, opzebauen, z’encouragéieren an hien z’ënnerstëtzen (a senger ganzer Onperfectioun), jo him nozegoen...?

Wéi liicht och fält et eis, deem MERCI ze soen, deen eis - zu recht - kritiséiert oder eis e gudde Rot mat op de Wee gëtt?

A wéi schwéier fält et eis, ze soen: “Wat war dat dann? Dat huet jo nees net geklappt! Wien hat déi Iddi dann? Dat war egal wat...!” Wéi schwéier fält et eis, eis deenen unzeschléissen, déi dergéint sinn, déi schonn ëmmer gesot hunn, dat huet dach kee Wäert, looss d’Fangeren dovunner, looss et sinn, gëff dech dach endlech, wie war dat dann...?

Et sollt eis - dat hoffen ech -, méi dacks liicht wéi schwéier falen. Et sollt eis ëmmer nees drëms goen, anerer ze bestäerken op hirem Wee, och wann et net äise Wee ass. Et gëtt vill Weeër... eis Meenung an eis Usiichte si wichteg, ma vläicht net di eenzeg... a souguer, wa mir éierlech sinn, vläicht net ëmmer di bescht.

Um Héichfest vun der Tréischterin allerdéngs gëtt et nëmmen ee Wee... op liicht oder schwéier. Et ass de Wee bei Si an et ass de Wee vun Hir bei eis... Si seet eis, looss dech net decouragéieren, stëmm net an de Chouer vun deenen an, déi et nëmme besser wësse, déi just gesinn, wat net klappt, ma géi däi Wee, zesumme mat aneren, a komm bei mech." Lauschter, op di aner, huel si eescht, änner dech, wou et néideg ass, ma huel och dech selwer eescht... an entscheet no dengem Häerz.

D’Oktav ass eng wonnerbar, jo eng eemoleg Zäit am Joer, fir ze gesinn, wat gutt leeft, wat schéin ass am Liewen, an och eng Zäit fir dat, wat nach net perfekt ass, wat net klappt a wat den Trouscht vun der Tréischterin brauch um Wee an d’Zukunft, um Wee no vir a bei si.

Roger NILLES
roger.nilles@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu