lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2018-2019)  
29. November 2018

Ëmmer méi Luuchten an ëmmer manner Liicht

E ganz perséinleche Kommentar um Virowend vum Advent

A mengem Quartier, ronderëm d’Kierch, gefillt ëmmer méi Luuchten. Stären am „Doppelpack“ un de Stroossepoteauen, di grouss Dänn beliicht an di al Beem um Parvis mat bloem, aarmséilege Kitsch ëmmantelt. Et fénkelt, et blénkt, et ass Advent. Endlech!

Wéi wa mir et net méi aushale kéinten, wéi wann d’Virfreed op Chrëschtdag esou grouss wier, huet d’Stad sech viru Woche scho gerëscht. Winterlights, Wantermaart, Weihnachtsmann. Firwat? wier ech geneigt ze froen. Wat soll dat? géif ech am léifsten haart ruffen. An a menger ganzer Naivitéit wéilt ech d’Sënnfro stellen. Ma ëmsoss, déi Diskussioun kënne mir äis spueren. Obwuel, gespaant wier ech schonn, wéi eng Äntwert ee kréich, wann een di Responsabel froe géif, firwat di vill Luuchten, firwat di ganz Deko, firwat dee ganzen Zauber? Wëll et schéin ass… wëll een den Touristen eppes bidde muss… wëll dat eben esou ass… wëll et an anere Stied och esou ass… Et géif mech schwéier wonneren, wann een eng iwwerzeegend Äntwert kréich. A bass erstaunt wier ech, wann een eppes giff soen, dat mam Ursprong vun deem Ganzen ze dinn hätt.

Ech ginn d’Gefill net lass, datt mat all Dag, mat deem mir mat huertege Schrëtt op Chrëschtdag zouginn, mir äis vum Fest ewech beweegen: ëmmer méi Luuchten an ëmmer manner Liicht!

Wann een d’Zuel vun de Luuchten a Liichtercher, vun de Stären a Chrëschtbeemercher, vun den Doftkäerzen an de verpoppte Chrëschtmelodien als Critère géif huelen, kéim ee sonner Zweiwel zum Schluss, Chrëschtdag war nach ni esou present an der Gesellschaft wéi haut… an d’Land wier guer net esou post-chrëschtlech, wéi muncher een dat seet oder gären hätt. Ma ass et net just ëmgekéiert? Verdeckt net all dat dat eigentlecht Fest a leet net all dat sech wéi e kitschege Schleier ëm dat eent Liicht, deem seng Flam nach schwaach ass an am Rummel d’Gefor leeft, auszegoen… ouni datt een et an Uecht hëlt. Si mir iren nees um Wee zréck zu engem heednesche (Liicht)Fest? A gëllt net eleng d’Fro: Hutt Dir - no Black-Friday a Cyber-Monday - Är Cadeaue schonn all fir d’Feierdeeg?

Si mir éierlech! Si mir net heiansdo frou, wa Chrëschtdag endlech do oder nach besser eriwwer ass, an de leschte Chalet um Unhänger verschwënnt, d’Glühwäin-Tase gespullt sinn, d’Beemercher traureg um Koup leien, d’Season-Greetings-Kaarten ewechgeraumt an d’Girlanden zesummegerullt gi bis dat anert Joer? Mission accomplie! A gaangs elo d’Fuesdeko an d’Vitrinn!

Wou bleift dat eent Liicht, dat äis frou mécht, dat eis Hoffnung schenkt an dat mir an der Däischtert an an der Rou fannen? Mir mussen nees léieren, gedëlleg ze waarden, dann et ze sichen, him nozegoen an, wann et esou wäit ass, et der Welt ze weisen. Loosse mir äis net blende vu falschem Zauber, ma äis freeën, op deen dee kënnt, deen der Welt Léift, Hoffnung a Fridden, jo di gutt Noriicht bruecht huet… Mir kruten een eenzege Cadeau gemaach, loosse mir dee viruginn. An deem Sënn e gudden, besënnlechen Advent!

Roger NILLES
roger.nilles@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu