lb fr pt en
 
5. Dezember 2018

Wou bleift de Respekt?

E kuerze perséinlechen Tëscheruff zum Wuert “Pafen”

Wat muss ech do liesen! E Conseiller vun Esch, sou steet et op rtl.lu, hätt um ausseruerdentleche Kongress vun der sozialistescher Aarbechterpartei no engem virzäitlechen “Genossinnen a Genossen” ënnert anerem dëst gesot: „Et ass eis historesch, verdammte Flicht a Chance, fir d’Pafen eng zweete Kéier hannerteneen an d’Oppositioun ze schécken. Vu menger Säit ass dat sécher kee “Jo” fir Gambia 2, mä e groussen “Nee” fir d’CSV.” Mat “Pafen” sinn hei also, firwat och ëmmer, d’Leit vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei gemengt - do ass wuel een nach net am 21. Jorhonnert ukomm...

Meeschtens si mat “Pafen” awer ganz anerer gemengt, eis Paschtéier, eise Klerus. Et kéint een hei iwwer gudde politesche Stil schwätzen, mee geschenkt. Oder awer iwwer di séier gefleegten a wuel geschlaffe Sprooch op der politescher Bühn, mee nawell geschenkt. Wat mech wierklech stéiert, ass d’Wuert “Pafen” selwer. An et ass keen Eenzelfall. Ëmmer nees daucht et och an eenzelnen Zeitungen, virun allem vum lénke Spektrum, op: entweder ass Eenzeles “pfäffisch” oder d’Kierch gëtt als Ganzt als “Pfaffentum” ofgekanzelt, als eng Zort mëttelalterlecht Relikt vu wat och ëmmer an hir Vertrieder ginn all an een Dëppe geheit - konservativ, iwwerlieft a schlecht fir d’Allgemengheet. Verbonnen ass domadder dacks de fromme Wonsch, d’”Pafe” musse fort. Eleng an engem Leitartikel am Tageblatt vum leschte Mee gläich dräi Mol dëse “Wording”. Hei just eng kuerz “Kostprobe”: “Zum christlichen Glauben bedarf es der kulturellen Hegemonie des Pfaffentums in keiner Weise.” Oder nach besser: “nun dürfen endlich auch die irischen Frauen – und nicht irgendwelche Pfaffen – darüber entscheiden, ob sie Kinder gebären wollen oder nicht.” Irgendwelche Pfaffen...??? Dat muss duer goen… an zum gewoten Inhalt vun den zitéieren Aussoe léiwer kee Kommentar... Oder vläicht just dëst: Wéi ass et mat der Toleranz vun deenen, déi der Kierch Intoleranz virwerfen?

Sécher, “Pafen” ass kee Wuert vun haut oder gëscht (Pafendall a Pafemillen sinn nëmmen zwee Beispiller aus dem Sproochgebrauch heifir), ma pejorativ war an ass et jiddefalls a sou gëtt et och ëmmer gär an ëmmer neess genotzt. Grad an enger Zäit, wou mir net midd ginn, Respekt fir jiddereen an alles anzefuerderen (wat richteg a gutt ass), sollte mir esou Ausdréck hannert eis loossen. Wie sech modern gi wëll, sollt säi Vocabulaire der Zäit upassen an d’Leit all, och d’Paschtéier, respektéieren. Oder gëtt et e gudde Grond, dat net ze maachen? Gëtt et e gudde Grond hir Aarbecht, an et ass der vill, net ze uechten – egal, ob ee gleeweg oder net ass an egal, wéi eng perséinlech Meenung een zur Kierch oder Relioun huet? Gëtt et e gudde Grond, si verbal pauschal ofwäertend ze behandelen an net dat villt Gutt ze gesinn, wat si maachen a bewierken? Ass hire Beruff an hir Beruffung manner wäert wéi eng aner? Wéi déi vum Bäcker, vum Steemetzer, vum Schoulmeeschter oder och vum Politiker? Am Géigendeel. Respekt verdéngt jiddereen! Merci!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu