lb fr pt en
 
8. Abrëll 2019

100 Joer Lënster Gesank: Concert spirituel

E Sonndeg, 5. Mee, an der Kierch zu Jonglënster

Am Kader vun “100 Joer Lënster Gesank” lued d’Chorale Ste-Cécile Jonglënster op e Concert spirituel e Sonndeg, de 5. Mee 2019, an d’Kierch zu Jonglënster. Ufank ass um 17.30 Auer.

Et wierke mat:
- de Basilikachouer vun Iechternach (Direktioun: Marc Juncker)
- d’Chorale Sainte-Cécile Jonglënster
- den Ensemble orchestral D’Arco

Uergel: Laurent Felten
Generaldirektioun: Luc Nilles
Solisten: Marie-Reine Nimax-Weirig, Danièle Patz, Olivier Nilles, Olivier Demmer

Op der Affiche stinn de Gloria vum A. Vivaldi, d’Messe in G vum M. Filke an St. Martinus-Kantat vum Patrick Colombo.

Plaze kann ee reservéiere via Mail reservation lenstergesank.lu oder Tel. 691-789595. Präis: Kategorie A: 20 Euro; Kategorie B: 15 Euro; Kanner ënner 12 Joer si gratis.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu