lb fr pt en
 
19. September 2017

„Café Solid-éc“: Oppen Dieren fir e solidarescht Nolauschteren

September 2017 - Januar 2018: Reech eng Hand am Parverband Steesel-Walfer

Déi lokal Antenne vum Projet „Reech eng Hand“ am Parverband Steesel-Walfer invitéiert all interesséiert Mënschen fir e Mol de Mount dënschdes vu 15 bis 17 Auer an d’Steeseler Parheem (3, rue Paul Eyschen, L-7317 Steinsel). D’Treffen tëscht September 2017 a Januar 2018: 19. September, 10. Oktober, 14. November, 12. Dezember an 9. Januar.

Et kann en einfach just eng Taass Kaffi, Téi oder e Stéck Kuch iesse kommen. Jiddereen huet awer och d’Méiglechkeet mat de Memberen vum Grupp zwanglos an d’Gespréich ze kommen. All Kommunikatioun ënnerläit der Diskretioun an der Anonymitéit. Dobäi stinn den Austosch an d’Nolauschteren am Zentrum. Dës Offer riicht sëch u jiddereen, deen op der Sich no Kontakt a Gespréicher an enger frëndlecher, acceuillanter a solidarescher Ambiance ass.

Méi Informatiounen ginn et beim Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke, Tel. 26334024 oder per Mail: karstensteil gmx.net.

(ksw)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu