lb | fr | pt | en |
“Odo Sonoritas” an der Kierch zu Stolzebuerg
Den 18. November: gregorianesche Choral a Verbindung mat zäitgenëssescher Musek
Um Gedenkdag vum hl. Odo, dem 2. Abt vu Cluny a Matpatréiner vun der Kierchemusik an der Stolzebuerger Kierch, e Méindeg, den 18. November 2019, ass um 19.30 Auer zu Stolzebuerg an der Kierch déi 6. Editioun vun “ODO SONORITAS” mat gregorianeschem Choral a Verbindung mat zäitgenëssescher Musek.
D’Devise vun dësem Konzert ass: dat Aalt erhalen an Neies schafen. Et soll e musekaleschen Dialog entstoen, an deem Virwetz, Wëssen a Freed sech begéinen. Déi zwee Stiler vu Musek hunn mystesch Kläng a vermëttelen nei musikalesch Impressiounen. Esou entsteet eng musikalesch Bréck tëschent der aler an der zäitgenëssescher Musek, déi een op dësem Konzert genéisse kann.
D’Choralle vu Mierschent a vu Stolzebuerg sangen ënnert der Direktioun vum Markus Roschinski de folgende gregorianesche Choral:
- Laudate Dominum + Ps 148 Confitemini
> Tempus Paschale, Ad Vigiliam Paschalem
- Alleuja + Ps 95 Venite exultemus
> Tempus per Annum, Hebdomada Vigesima XX
- Dele Domine + Ps 51 Miserere mei
> Liturgia Defunctorum, Ordo Exsequiarum
- Ad te levavi + Ps 25
> Introitus zum 1. Advent
- Veni et ostende+ Ps 80
> Introitus Tempus Adventus Feria Tertia
An dëser Zesummestellung sollt op der enger Säit d’Räichhaltegkeet vum gregorianische Choral z’erkenne sinn, an op der anderer Säiit och säi Weiderllewen an der Kierchen- a Konschtmusik vun haut.
Den Deel mat der zäitgenösseger Musik gëtt vum Bert Van Laethem (Gei), Angélique Arnould (Danz) a Pol Melting (Video-Mapping) gestalt.
Video, Danz a Gei interagéieren fir d’“Violin Phase”, eent vun deenen éischte Wierker vum amerikanesche Komponist Steve Reich, dat am Oktober 1967 am Style vun der Phasemusik fir véier Geien a Bande magnétique geschriwwen ginn ass.