lb fr pt en de
 
1. August 2018

D’Lëtzebuerger Massendénger ware bei der Internationaler Roumwallfaart 2018 derbäi

Kuckt d’Fotoimpressioune vun der Wallfaart

Klickt op d’Foto, fir d’Gallerie ze kucken...

Vum 28. Juli bis de 4. August hunn 90 Massendénger a Begleeder aus Lëtzebuerg un der XXII. internationaler CIM-Roumwallfaart deelgeholl. Mat derbäi war och den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. Zesumme mat ronn 60.000 Massendénger aus aller Welt hu si onvergiesslech Deeg zu Roum erlieft.

Héichpunkt war dee groussen CIM-Festival op der Péiteschplaz, un deem de Poopst Franziskus deelgeholl huet. Niewen dem reliéisen Deel, wou de Lëtzebuerger Pilgergrupp vum Här Äerzbëschof begleet gouf, stoungen och Visitten um Programm – en Ausfluch op d’Mier op Ostia an en Tour „Roum by night“.

Audienz beim Popst Franziskus

En Dënschden Owend bei enger Audienz während der Internationaler Roumwallfaart huet e lëtzebuerger Massendénger dierfe beim katechetesche Gespréich mam Popst Franziskus deelhuelen.

Source: EWTN katholisches TV

Kuckt hei d’Fotoimpressioune vun der Plaz vum Tanja Konsbruck & Co...

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu