lb fr pt en
 
9. Februar 2018

Krankendag 2018: Feier mat Krankensalbung „Sieh! Mich! An!“

Kuckt eis Fotoimpressiounen vun der Feier de 7. Februar an der Kierch vu Stroossen

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken

Et ass schon eng Traditioun, datt den Internationalen Dag vum Kranken an der Kierch vu Stroossen gefeiert gëtt. D’Dekanat Lëtzebuerg huet dofir och dëst Joer op eng Feier mat Krankensalbung invitéiert. Vill eeler Mënschen, v.a. Bewunner aus verschiddenen Alters- a Fleegeheemer, hu sech an der Kierch afonnt, fir zesummen ze bieden, ze sangen an d’Sakrament vun der Krankensalbung ze empfänken. D’Feier stoung ënnert dem Thema „Sieh ! Mich! An!“ Wat geschitt, wann ee sech selwer kuckt, den anere Mënsch an de Bléck hëlt, hien an Uecht hëlt, ... a wat entdeckt een, wann een dem aneren an d’Ae kuckt? Sech selwer, den anere Mënsch, souguer Christus, deen d’Léift ass? D’Lidder, Gebieder an déi wonnerschéi Biller um groussen Ecran hunn eng Iddi dovunner vermëttelt. No der Spendung vum Sakrament vun der Krankensalbung hu sech d’Gäscht bei engem Fueskichelchen an enger gudder Taass Kaffi am Porheem verwinne gelooss, ier si sech nees op den Heemwee gemaach hunn. D’Equipe aus dem Dekanat a vum Service vun der Krankepastoral invitéieren elo schons op d’Feier am nächste Joer, den 8. Februar 2019.

Bei d’Billergalerie

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu