lb fr pt en
 
2. Juli 2018

Nei Kapell am Fleegeheem Saint-François zu Clief konsekréiert

Kuckt eis Billergalerie vun der Feier a Presenz vum Här Äerzbëschof e Freideg

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken

Am Kader vun der Eucharistiefeier um Héichfest vun Peter an Paul huet den Här Äerzbeschof déi nei Kapell am Fleegeheem Saint-François zu Clief konsekréiert. Matkonzelebréiert hunn de Père Abbé Jorrot, den Dechen Roemen, déi Hären Geeschtlech Siebenbour, Zeimen an Schuller. Ënnert den Anwesenden waren Direkteren an den Conseil vun der A.s.b.l. Home Pour Personnes Agées, den Architektenbüro Holweck&Bingen, wéi och d’Schwësteren an Bewunner vum Haus an d’Fleegepersonal. Et war eis eng besonnesch Freed, fir ënnert den Gäscht d’Mme Marie-Josée Jacobs däerfen ze begréissen.

Den Héichponkt vun der Zeremonie waren d’Iwwerdroë vum Altorstee mat den Reliquien aus der aler Kapell an den neien Altor, d’Salbung mat Chrisam an dat feierlecht Weihegebied. Weinst der ganz neier Konstruktioun sinn och d’Maueren an de 4 Himmelsrichtungen mat Chrisam gesaleft ginn.

Um Schluss vun der Feier hunn d’Gäscht sech der Muttergottes uvertraut. Eng Statue aus dem 18. Joerhonnert, déi no dem Krich an der Uelzecht fonnt an den Schwësteren vun der Clinique Sacré-Coeur geschenkt ginn ass, gouf vun der Mme Tilly Hoffeld professionell restauréiert.

Mir wënschen allen, déi dëse wonnerschéine sakralen Raum opsichen, Momenter vun Gebied, vu Stëllt Rou a Fridden, fir datt se am Vertrauen op d’Präsenz vum Härgott mat Courage hire Wee weiderginn.

Sr. Dorothe-Marie Lause

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu