lb fr pt en
 
14. Mee 2018

59 Kierchen a Kapellen weisen hiren aussergewéinleche Patrimoine

Weekend vun den oppene Kierche 2018 ënnert dem Thema “1001 Gesiichter” den 2. an 3. Juni am ganze Land

Kierch zu Suessem: Highlight vum Weekend.
(Foto by Jim Wanderscheid / intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd])

Kuckt Iech déi 1001 Gesiichter an eise reliéise Gebaier un! Relieffer mat Figuren aus der Bibel, Engelen am Trompe-l’oeil, Gargouillen, déi Grimasse schneiden, Helleger aus Steen an aus Edelmetal, Portraite vun Doudegen ... eis Kierche si voll mat ausdrocksstaarke Gesiichter, déi heiansdo e puerhonnert Joer al sinn. Dës Männer a Fraen, déi an der Matière veréiwegt sinn, kenneléieren, sech vun hinne verzaubere loossen, dat heescht eiser reliéiser Vergaangenheet an eisem Patrimoine begéinen

Mee mir fannen hei och d’Gesiichter vun all deenen, déi d’Liewen an eise Kierchen erhalen: déi Leit, déi den Empfang maachen, déi, déi Zeremonie feieren, d’Handwierker, déi Gleeweg an d’Pilger, déi eise Patrimoine weidergin, déi, déi eng Kéier era virwëtze kommen.

Um Weekend vun den oppene Kierche den 2. an 3. Juni maachen am ganze Land 59 Kierchen a Kapellen hir Diere grouss op, fir hiren aussergewéinleche Patrimoine ze weisen. Zum Deel gi Visite-guidéeën, Ausstellungen a kleng Concerten ugebueden.

Kierchen an dësen Uertschafte maache mat:

Äischen, Belval-Metzerlach, Bäerdref, Bartreng, Bëschrued, Biissen, Biissen-Wobierg, Béiwen-Atert, Bierden, Bollenduerfer Bréck, Bruch/Miersch, Déifferdeng-Fousbann, Diänjen, Elleng, Esch-Uelzecht (neoapostolesch Kierch), Gréiwels, Habscht, Heeschpelt, Iechternach (Basilika, Église Sts-Pierre-et-Paul, Chapelle Notre-Dame), Jonglënster, Kaalmes, Käerch, Kéiber, Klierf, Konsdref, Léiler, Lellgen, Lëllgen, Lëtzebuerg-Zentrum (Kathedral, Dräifaltegkeetskierch, St-Michel), Lëtzebuerg-Belair (Chapelle Christ-Roi, Chapelle Ste-Elisabeth), Lëtzebuerg-Glacis, Lëtzebuerg-Gaasperech (neoapostolesch Kierch), Longsdref, Miedernach, Monnerech, Munzen, Nidderkuer, Pënsch, op Renert (B), Randschelt, Schëffleng, Sëll, Simmer, Suessem, Suewelbur, Stengefort, Tënten, Trënteng, Uewerkuer, Uewerwampech, Veianen (Ste-Trinité, St-Nicolas), Wal, Zowaasch.

De ganze Programm mat den Auerzäiten a mat enger Kaart vum Land mat allen oppene Kierche an den Dépliant fannt Dir op www.oppekierchen.lu.

Den Highlight 2018

Suessem, Kierch vun der Helleger Catherine
Visite-guidée mam Diözesankonservator Alex Langini e Samschdeg, den 2. Juni, um 15 Auer

Am XIII. Joerhonnert bauen d’Häre vun Zolwer eng Buerg zu Suessem. Ëm déiselwecht Zäit entsteet eng “fräi Kapell” fir d’Awunner vum Duerf. Hautdesdaags ass de Chouer aus dem XVI. Joerhonnert deen eelsten Deel vun der Kierch. D’Herrschaftskapell op der Südsäit geet op d’XVII. Joerhonnert zréck. Et si schéi Grafsteng bannendran erhalen. D’Schëff ass vu 1738, den Tuerm vu 1766. D’Gebai gëtt 1953 komplett restauréiert a kritt zur Agangssäit zwou Ubauten. Eng weider Restauratioun vun 1983-84 gëtt dem Banneraum säin aktuellt Gesiicht: Fënstere vum Roger Bertemes an Ady Deville, Mobilier vum Egino Weinerr, spéitgotescht Kräiz.

Koordinatioun vum Weekend vun den oppene Kierchen: ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vun der kathoulescher Kierch.

All Infoen zum Weekend vun den oppene Kierche ginn et op: www.oppekierchen.lu

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie vum Weekend vun den oppene Kierchen 2017 ze gesinn.
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu