lb fr pt en
 
12. März 2019

D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um zweete Faaschtesonndeg, de 17. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vu Bruch bei Miersch iwwerdroen. D’Éischtkommiounskanner aus der Par „Äischdall-Helpert St-Willibrord“ hu gesongen, op der Uergel begleet vum Abbé Joël Santer.

D’Éischtkommiounskanner aus der Par „Äischdall-Helpert St-Willibrord“ invitéieren och dëst Joer erëm op hier Radiosmass, déi si an der Parkierch vu Bruch (Miersch) sangen. Sangen mecht Freed, an och d’Sangen an der Kierch ka ganz vill Freed maachen, eng Freed, déi d’Kanner mat villen anere Mënschen, besonnesch deene Kranken an Eeleren, deele wëllen. Um Wee zur Kommioun hinn hunn d’Kanner vill Lidder geléiert, well d’Sangen ass jo och eng ganz besonnesch Form vu Gebied. Zesumme mat hierem Virbereedungsteam invitéiere si all Matfeiernd an der Kierch an all Nolauschterer, fir mat ze bieden a mat ze sangen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Agangslidd Gott bringt Farbe in dein Leben Daniela Dicker / Siegfried Fietz
Kyrie Kyrie, Jesus hörst du mich Rolf Krenzer / Robert Haas
Zwëschegesang Laudate omnes gentes Jacques Berthier / Taizé
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Kumba yah my Lord Negro Spirituel
Sanctus Lasset uns gemeinsam iwwerliwwert
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Alle Kinder dieser Welt wünschen sich Frieden Siegfried Fietz
Kommunioun: Uergel
Schlusslidd Glaubhaft Leben Carola Beermann / Siefgried Fietz

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu