lb fr pt en
 
2. Juli 2020

De Chantier vun der Uergel an der Kathedral

D’symphonesch “Haupt”-Uergel gëtt 2020-2021 komplett restauréiert / Hei e puer Fotosimpressioune vun den Aarbechten

E groussen Dag fir eis Kathedral: Um Donneschdeg, 2. Juli, hunn d’Aarbechten un der “Haupt”-Uergel, déi eng komplett Restauréierung brauch, ugefaangen. Bis Enn 2021 gëtt un der symphonescher Uergel, déi 1938 gebaut gouf a mat 106 Regësteren déi gréisst ass, déi je zu Lëtzebuerg gebaut gouf, geschafft. Zil vum Projet ass et, der grousser “Haupt”-Uergel hire fréiere Glanz an hir Australung als nationaalt Sakral- a Kultursymbol erëmzeginn. Mat der Restauréierung vun der Uergel an der Kathedral vu Lëtzebuerg gouf d’Firma “Rieger Orgelbau” aus Éisträich chargéiert.

Kuckt eis Fotosimpressiounen, déi den Ufank vun den Aarbechten dokumentéieren an déi zesumme mam Doumorganist Paul Breisch e leschte Bléck an dat aalt Uergelwierk erlaben.

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken

Dir kënnt dëse grousse Projet och mat engem Don ënnerstëtzen.

All Informatiounen a méi Detailer iwwer d’Aarbechte fannt Dir um Site vun der Por Lëtzebuerg Notre-Dame an hei op cathol.lu.

Fir en Don via d’Fondatioun Sainte-Irmine ze maachen

E GROUSSE MERCI FIR ALL GESTE!

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie ze kucken
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu