lb fr pt en
 
8. Januar 2018

De Weekend vun den oppene Kierchen ënnert dem Thema “1001 Gesiichter”

Den 2. an 3. Juni am ganze Land / Maacht mat a mellt Är Kierch elo un!

Am Joer 2017 hu 47 Kierchen hire Patrimoine gewisen. (Foto: Laure Simon)

Kuckt Iech déi 1001 Gesiichter an eise reliéise Gebaier un! Relieffer mat Figuren aus der Bibel, Engelen am Trompe-l’oeil, Gargouillen, déi Grimasse schneiden, Helleger aus Steen an aus Edelmetal, Portraite vun Doudegen... Eis Kierche si voll mat ausdrocksstaarke Gesiichter, déi heiansdo e puerhonnert Joer al sinn. Dës Männer a Fraen, déi an der Matière veréiwegt sinn, kenneléieren, sech vun hinne verzaubere loossen, dat heescht eiser reliéiser Vergaangenheet an eisem Patrimoine begéinen. Mee mir fannen hei och d’Gesiichter vun all deenen, déi d’Liewen an eise Kierchen erhalen: déi Leit, déi den Empfang maachen, déi, déi Zeremonië feieren, d’Handwierker, déi Gleeweg an d’Pilger, an déi, déi eng Kéier era virwëtze kommen. Alleguer ginn si eise Patrimoine op hier Aart a Weis virun.

Mir si frou, fir all Kierch, déi dee Weekend op ass an d’Visiteure frëndlech begréisst, mat oder ouni Programm (passend zum Thema).

Mellt Är Kierch w.e.g. bis de 15. Mäerz beim Laure Simon un, fir datt se op de Programm-Dépliant kënnt. D’Detailer zu den Ëffnungszäiten an eventuell zu engem spezielle Programm (Féierungen, Ausstellungen, Concert, …) kënne bis den 22. Mäerz matgedeelt ginn.

Umeldung an Informatiounen: laure.simon ewb.lu oder Tel. 691-804082 (mëttwochs bis freides moies).

Organisatioun: ErwuesseBildung mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vum Äerzbistum Lëtzebuerg.

www.oppekierchen.lu / www.eglisesouvertes.lu

Fotoimpressiounen vun der Initiativ Oppe Kierchen um Päischtweekend 2017 am ganze Land

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu