lb fr pt en
Conseil pastoral diocésain  
18. November 2022

Den diözesane Pastoralrot huet d’Membere vum “Bureau exécutif” gewielt

Am Kader vun senger 2. Reunioun (17.11.2022)

Christine Bußhardt, Stefano Camposeo, Marc Crochet, Odette Buyse-Nepper (v.l.n.r.)

Wärend der zweeter Reunioun vum neien diözesane Pastoralrot, deen de 17. November 2022 am Centre Jean XXIII zesummekomm ass, si 4 Membere vum “Bureau exécutif” gewielt ginn.

Vizepresidente vum diözesane Pastoralrot si fir 5 Joer d’Christine Bußhardt an de Marc Crochet, Membere sinn d’Odette Buyse-Nepper an de Stefano Camposeo. D’office Member vum “Bureau exécutif” sinn doriwwer eraus de Kardinol Jean-Claude Hollerich (President), de Generalvikar Patrick Muller an de Sekretär Roger Nilles.

D’Haaptaufgab vun dësem Büro ass et, d’Reunioune vum Pastoralrot inhaltlech ze preparéieren. E Schwéierpunkt vun der Aarbecht vum Pastoralrot, deen insgesamt 24 Memberen zielt, ass an enger éischter Phas d’Ëmsëtzung vun der Synod iwwer d’Synodalitéit op diözesanem Plang an. Dobäi ginn och déi weider Schrëtt vun der Synod op kontinentalem a weltkierchlechem Niveau am Bléck behalen.

All Informationen zur Synod fannt Dir hei: https://cathol.lu/rubrique671

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu