lb fr pt en
 
6. September 2018

“Dir wäert meng Zeie sinn”

Chrëschten aus Ethiopien stinn am Fokus vum Weltmissiounssonndeg 2018

E Sonndeg, den 21. Oktober, feiert d’Kierch de Sonndeg vun der Weltmissioun; dëst Joer a besonnecher Verbonnenheet mat de Chrëschten an Ethiopien (0,7 Prozent vun der Populatioun si Katholiken). Mat hinnen zesummen lued Missio Lëtzebuerg eis an iwwer d’Thema “Dir wäer meng Zeie sinn” nozedenken.

A sengem Bréif zitéiert den Abbé Maurice Péporté de Poopst Franziskus - “Well et ass keen esou aarm, datt en net ka vun deem ginn, wat en ass” - an ënnerstreicht di wichteg Roll, déi d’Poopstwierker an den Diözese spillen. Den nationalen Direkter vu Missio weist op d’Lag vun den 1.500 äermsten vun den am ganzen 4.500 Diözese weltwäit hinn. “Si liewen a verkënnegen d’Evangelium a ganz aarmen a politesch onstabille Géigenden, wou se och nach dacks verfollegt ginn. Dës Diözesen hänke vun de päpstleche Missiounswierker of, an duerfir ass den Affer fir d’Missiounen e wesentleche Beitrag”.

Mat Bléck op d’Thema 2018 vum Missiounssonndeg schreift den Här Äerzbëschof a sengem Message: “Mir sënn also all beruff, Zeie vu Christus a sengem Evangelium ze sinn, an dat duerch eist Liewen, mee och duerch déi kloer Verkënnegung vun dem Evangelium. Mir sënn och opgeruff, d’Kierch an hirem Wuessen an an hirem Optrag ze ënnerstëtzen. Duerfir kënne mir äis um Affer bedeelegen oder een Don u Missio maachen, fir datt och nach muer d’Weltkierch hirer Missioun gerecht ka ginn. Missio huet hei am Land d’Charge Garant ze si fir d’Wuesse vun der Weltkierch.”

Fir de Weltmissiounssonndeg huet Missio Lëtzebuerg verschidden Outilen erausbruecht, fir d’Liturgie op deem Sonndeg a fir d’Evenement z’encadréieren resp. z’annoncéieren. Hei méi Informatiounen
Dir kënnt d’Material, dat fir d’Poren bestëmmt ass, och via de Bon de commande hei drënner bestellen.

Dir kënnt Missio - Propagation de la Foi ënnerstëtzen mat Ärem Don:
CCPL LU09 1111 0382 9981 0000
- Merci fir all Geste!

Kontakt: Tel. 453261, missio cathol.lu

Méi Informatiounen iwwer Missio op www.missio.lu

Message vum Äerzbëschof fir de Weltmissiounssonndeg 2018
Missio - Bestellziedel fir Material
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu