lb fr pt en
 
16. Dezember 2019

“Ech si stolz op iech!”

De Kardinol Jean-Claude Hollerich krut d’Lukas-Evangelium op Lëtzebuergesch iwwerreecht

Um Méindeg Nomëtteg, 16. Dezember, huet den Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ dem Kardinol Jean-Claude Hollerich d’Lukas-Evangelium iwwerreecht. No der Verëffentlechung vun den Evangelien nom Matthäus, Johannes a Markus 2018 a mam Lukas-Evangelium elo am Advent 2019 sinn déi 4 Evangelien op Lëtzebuergesch iwwersat an disponibel.

Bei der Iwwerreechung ware fir den Iwwersetzergrupp derbäi de Claude Bache, d’Fränz Biver-Pettinger an de Jeannot Gillen. Am Numm vum Iwwersetzergrupp ass de Chanoine Claude Bache op déi éischter laang Entsteeungsgeschicht vun den Iwwersetzungen an d’Landessprooch agaangen, déi mat der Publikatioun vum Evangeliar am Joer 2009 en éischten Héichpunkt hat an elo mat dem Lukas-Evangelium e gewëssen Ofschloss fënnt. Entschëllegt huet de Claude Bache d’Carine Hensgen vum Iwwersetzergrupp an d’Gilberte Bodson vum Service Communication et Presse, dat nees eng Kéier fir de Layout zoustänneg war, déi leider net bei der Iwwerreechung derbäi si konnten.

De Mgr Hollerich huet sech wierklech erfreet gewisen iwwer d’Verëffentlechung vum Lukas-Evangelium a wuertwiertlech gesot: “Ech si stolz op iech!” Fir déi “grouss Leeschtung fir d’Lëtzebuerger Sprooch” a fir d’Kierch huet hien dem Aarbechtsgrupp e ganz grousse Merci ausgeschwat a sech iwwerzeegt gewisen, datt d’Evangelien notamment an der Kateches a bei der Jugend ganz nëtzlech si wäerten.

Déi 4 Evangelie sinn elo op Lëtzebuergesch ze kréien.

Dir kënnt de Lukas an déi aner dräi Evangelie bestellen beim Service Communication et Presse.. D’Täschebicher sinn och am Onlinehandel ze kréien an als E-Book (geschwënn och de Lukas). - Am Kader vum Bistumsjubiläum ginn Enn 2020 déi véier Evangelien zesummen éditéiert.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu