lb fr pt en
 
5. Februar 2019

En neie Magnificat fir Lëtzebuerg: e wichtege Projet fir eis Diözes

Éischt Sëtzung vun der neier diözesaner Kommissioun “Magnificat” ënnert der Presidence vum Här Äerzbëschof

D’Membere vun der neier diözesaner Kommissioun “Magnificat” ënnert der Presidence vum Här Äerzbëschof (op der Foto feelt den Abbé Claude Bache).

No enger Rëtsch Virbereedungsaarbechten an de leschte Méint war um Méindeg Owend déi éischt Sëtzung vun der neier diözesaner Kommissioun “Magnificat” am Centre Jean XXIII. D’Aufgab vun dëser Kommissioun ass d’Publikatioun vun engem neien, eegestännege Magnificat fir Lëtzebuerg, e wichtege Projet fir eis Diözes, wéi den Här Äerzbëschof um Ufank vun der Reunioun ënnerstrach huet. “D’Kierch brauch d’Gebiet an d’Kierch brauch de Gesank”, sou de Mgr. Jean-Claude Hollerich, President vun der neier Kommissioun, deen alle Leit Merci gesot huet, fir hir Bereetschaft an dësem Projet matzemaachen.

Wann alles wéi virgesi leeft, soll den neie Magnificat 2024 a gedréckter Form virleien, huet de Jean-Pierre Reiners, Vizepresident, präziséiert an ass kuerz ob déi scho méi laang Virgeschicht vun der Kommissioun agaangen, déi offiziell zum 1. Januar 2019 duerch bëschoflecht Dekret a Kraaft gesat gouf. D’Zil ass en handlecht an inhaltlech gutt gemaachte Gebiet- a Gesangsbuch, dat fruchtbar fir d’ganz Diözes soll sinn an dat d’Gemeinschaft zum Matsange, -bieden a -feieren encouragéiere soll. “Et ass eng Erausfuerderung fir eis all”, sou den Abbé Reiners, deen drop higewisen huet, datt d’Buch fir all Alter an och fir déi verschidde Sproochegemeinschaften geduecht ass. Fir datt dësen ambitiéise Projet gelénge kann, ginn nieft der Kommissioun sechs Aarbechtsgruppen fir d’Beräicher Liturgie, Gebieder, Gesank, Diözesangeschicht, Layout an Digitaliséierung a Korrektur agesat, a mat enger Rëtsch kompetente Leit, déi am Projet matschaffen, besat; e Komitee aus Kommissiounsmemberen leet de Prozess an dréit d’Verantwortung vum Projet.

Mat der Virstellung vum interne Reglement vun der diözesaner Kommissioun “Magnificat” an den Aufgaben vun den eenzele Gruppe goufen d’Weiche fir d’Aarbechten an den nächste Méint a Jore gestallt; mat der Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppen steet elo en éischt Etappenzil um Programm vum Projet.

D’Kommissioun “Magnificat” setzt sech zesummen aus dëse Memberen: Mgr Jean-Claude Hollerich, President, Abbé Jean-Pierre Reiners, Vizepresident, Marc Loewen, Generalsekretär, Abbé Romain Richer, Sekretär adjoint, Abbé Claude Bache, Paul Breisch, Marc Dostert, David Kirt, Roger Nilles, Renée Schmit a Laurent Willkomm, Memberen an Aarbechtsgrupperesponsabelen.
 

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu