lb fr pt en
Sonndesmass  
18. Juli 2017

D’Sonndesmass gouf vu Beetebuerg iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 23. Juli um 9 Auer aus der Kierch vu Beetebuerg iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Bettembourg huet ënnert der Leedung vum Fabrice Renard gesongen, op der Uergel huet de Romain Ludwig begleet.

D’Chorale Ste Cécile Bettembourg

Foto: Raymond Thill

De Beetebuerger Kierchechouer „Chorale Ste Cécile“ besteet offiziell säit 1889 a war am Ufank nëmmen e Männerchouer, spéider koum e Bouwechouer derbäi. Aus alen Zeitungsartikele geet ervir, dass de Chouer wahrscheinlech schonn éischter bestanen huet, sech awer nach keng Statute ginn hat.

Säit 1966 ass et eng gemëschte Chorale a mir hunn am Moment 23 Leit, 13 Dammen a 6 Hären. Eisen Dirigent ass de Fabrice Renard. Wann hien net do ass, gëtt en ersat vum Myriam Schartz. Titularorganist ass de Romain Ludwig. Wei all Veräin géife mir eis natierlech iwwer nei aktiv Membere freeën. Mir prouwen all Donneschden um 19.30 Auer an der Kierch zu Beetebuerg.

Weider Informatioune kritt Dir um Tel. 621-759838.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Introduktioun vum Agangslidd Romain Ludwig
Agangslidd Christ aujourd’hui nous appelle T: Claude Bernard, M: Michel Wackenheim
Kyrie Contemporary Latin Setting M: Jerry Estes
Gloria Contemporary Latin Setting M: Jerry Estes
Alleluja Christ est vivant Chant de Santiago de Chile
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Dieu est amour T et M: Dominique Ombrie
Sanctus Give me joy in my heart Christian hymn, LD 564
Anamnèse Wir preisen deinen Tod T: Cl. Rozier, M: Michel Wackenheim
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Adoramus te M: Jerry Estes
Kommuniounslidd Il y a longtemps que tu m’aimes T et M: J. Cl. Gianadda
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie M: Joseph Mohr
Sortie: Uergel Fuga in C dur BuxWV 174 Dietrich Buxtehude

Chouer: Chorale Ste Cécile Bettembourg
Dirigent: Fabrice Renard
Organist: Romain Ludwig

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu