lb fr pt en de
 
18. Abrëll 2024

2024, Joer vum Gebiet

Biet mat Kanner wärend der Oktav

Den Evangelist Matthäus, a sengem Evangelium, beriicht déi follgend Episod (21, 10-16) : „Wéi de Jesus a Jerusalem erageridde komm ass, huet déi ganz Stad geziddert an sech gefrot: „A wien ass dat doten?“ D’Leit, déi mat dem Jesus koumen, soten „Et ass de Prophéit Jesus vun Nazareth a Galiläa.“ De Jesus ass an den Tempel gaang an huet do all déi, déi am Virhaff kaaft a verkaaft hunn, erausgehäit. Hien huet d’Dëscher vun deenen, déi d’Geld gewiesselt hunn, an d’Still vun deenen, déi d’Dauwe verkaaft hunn, ëmgestouss […]. Du si Blanner a Schlammer am Tempel bei hie komm, an hien huet si geheelt. Wéi d’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert déi Wonner gesinn hunn, déi de Jesus gewierkt huet, an d’Kanner, déi am Tempel gejaut hunn: „Hosanna dem Jong vum David!“, du sinn si rose ginn. Si soten zu him: „Héiers du net, wat si soen?“ De Jesus huet hinne geäntwert: „Dach. Hutt dir dann ni gelies: Aus de Kanner an de Puppelcher hirem Mond verschaafs du dir Luef?“

Et ass un eis Erwuessen, d’Kanner d’Gebiet erliewen ze loossen. Um Ufank vun der Oktav ass d’Madame Elly Schmit-Weber esou generéis, fir eis e Kannergebietbuch op Lëtzebuergesch ze ginn, e Buch dat haut net an de Librairien ze fannen ass a vun deem si d’Autrice ass. Drënner ass e Link fir et erofzelueden (klickt just op d’Miniatur).

Wärend der Oktav stinn eis verschidde Méiglechkeeten zur Verfügung fir mat eise Kanner ze bieden:
– 22. Abrëll, kuerz Katechees um 17.15 Auer an der Méchelskierch an der Stad; duerno gi mir zesummen an d’Kathedral fir d’Mass, déi um 18.00 Auer ass.
D’Kannerrees, Samschdeg 27. Abrëll, Départ um 15:30 aus der Kierch Saint-Jean am Gronn, a Richtung Kathedral;
– E Gebiedsmoment fir den Ofschloss vun der Familljepilgerfahrt, Samschdeg 27. Abrëll um 17.00 Auer an der Kathedral;
– De Seege vun de Kanner, 1. Mee um 17.00 Auer an der Kathedral;
– Fir méi eeler Kanner, Wallfaart vun de Jonken an d’Kathedral, an der Nuecht vum Samschdeg 20. Abrëll op Sonndeg 21. Abrëll, oder Sonndes 21. Abrëll moies;
– Jugendmass, Sonndeg, den 21. Abrëll um 7.30 Auer.

Isabelle Scart
isabelle.scart@cathol.lu
Ech bieden op Lëtzebuergesch
PDF 12 Mio, 18. Abrëll 2024
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu