lb fr pt en
 
11. Mee 2018

#istdajemand

Iechternacher Sprangprëssessioun: Route Echternach – Nuetspilgeren vum 21. op den 22. Mee 2018

Wéi schonns zënter méi wéi 35 Joer pilgere Jonker aus Däitschland a vu Lëtzebuerg an enger Stärewallfaart op Iechternach, fir un der Sprangprëssessioun deelzehuelen. Zum Thema #istdajemand mécht sech e Grupp op de Wee fir zesummen ze sangen, ze bieden, mateneen an en Echange ze kommen an zesummen d’Erfarung ze maache gemeinsam duerch d’Nuecht ze trëppelen.

Jidderee sollt dem Wieder ugemoosst Kleeder undoen an eppes fir ze drénken dobäi hunn.

Moies no der Mass an der Basilika gëtt et d’Méiglechkeet Bréidercher a Croissanten ze kafen a fir all Participant gëtt et Kaffi, Schocki an Téi.

De Grupp wäert zesumme mat deenen anere Jonke vun der „Euregio“ un der Sprangpressëssioun deelhuelen.

Déi wichtegst Informatiounen:

Mindestalter 14 Joer, bréngt e wäisst Duch mat fir ze sprangen (et gëtt der och moies fir 3,-€ am Abteihaff ze kaafen).

Umeldung bis den 18. Mee w.e.g. beim Werner Michels: werner.michels cathol.lu, 621-319033

Rendezvous ass ëm 00:30 Auer bei der Kierch um Scheedgen.

Bei allgemenge Froen zur Route Echternach an zur Jugendmass dënschdes moies ëm 5:30 Auer an der Basilika kënnt dir Iech och un d’Elke Grün: elke.gruen cathol.lu, Tel.: 26720106 wenden.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu