lb fr pt en
 
8. November 2018

De Bestseller “d’Legend vum hellegen Niklos” ass nach ëmmer ze kréien

E Buch vum Anselm Grün, illustréiert vum Giuliano Ferri an iwwersat op Lëtzebuergesch vum Christine Marx-Heck

Wie war den hellegen Niklos? De bekannten däitsche Pater Anselm Grün stellt äis e vir!

Op eng kannergerecht, flott a lieweg Manéier präsentéiert den Anselm Grün déi Legenden, déi vum hellegen Niklos erzielt ginn: d’Geschicht vun den dräi Goldstécker, d’Kärewonner vu Myra, d’Rettung vun de Matrousen a vun engem klenge Jong.

Den italieneschen Zeechner Giuliano Ferri huet des Legenden illustréiert an d’Christine Marx-Heck huet se op Lëtzebuergesch iwwersat.

Léiert sou dat spannend Liewe vum hellegen Niklos kennen a gitt gewuer, wéi hien als Zinniklos respektiv als Kleeschen op Lëtzebuerg koum a wéi hie bis haut do gefeiert a veréiert gëtt.

D’Buch “d’Legend vum hellegen Niklos” (32 Säiten, ISBN 978-99959-39-78-6), dat virun engem Joer erauskomm ass a vun deem schonn 1.000 Exemplaire verkaaft goufen, kënn dir nach ëmmer kréie fir de Präis vu 14,99 Euro

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu