lb fr pt en
 
28. November 2019

Nei um Bichermaart: D’Lukas-Evangelium ass do!

Di 4 Evangelien sinn elo op Lëtzebuergesch ze kréien – Bestellt elo Äert Exemplaire vum Lukas-Evangelium

„Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft […] zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.“
+ Jean-­Claude Kardinol Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg. D’Evangelium nom Matthäus, D’Evangelium nom Johannes an D’Evangelium nom Markus sinn 2018 erauskomm, elo gouf och D’Evangelium nom Lukas op Lëtzebuergesch verëffentlecht an ass an e puer Wochen ze kréien. D’Iwwersetzunge si gemaach gi vum Grupp fir d’Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch.

Di 4 Täschebicher, éditéiert vum Äerzbistum, si bei Books on Demand erauskomm:

D’Evangelium nom Matthäus (ISBN 978-­3-7528­‐1519­‐1, 124 Säiten),
D’Evangelium nom Johannes (ISBN 978­‐3-7528-1517-7, 100 Säiten),
D’Evangelium nom Markus (ISBN 978-3-7448-8586-7, 88 Säiten),
an elo nei: D’Evangelium nom Lukas (ISBN 978-3-7504-1774-8, 136 Säiten);
Books on Demand, 12 x 19 cm, 7 Euro (E-­Book: 5,49 Euro).

Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.

Elo am Online-Handel - z. B. www.bod.de/buchshop an www.amazon.de
an och am Service Communication et Presse ze kréien!

Dir kënnt d’Buch (d’Bicher) geschéckt kréien (+ Porto) oder selwer ofhuelen.

Service Communication et Presse
Centre Convict – Entrée H, 1er étage
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
oder
Centre Jean XXIII
52, rue Jules Wlihelm
L-2728 Luxembourg

Hei kënnt Dir Är Bestellung opginn…

Flyer: Evangelien
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu