lb fr pt en
 
7. Dezember 2018

Nei um Bichermaart: D’Markus-Evangelium ass do!

Di 3 Evangelien sinn elo op Lëtzebuergesch ze kréien – Bestellt elo Äert Exemplaire vum Markus-Evangelium

„Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft […] zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.“
+ Jean-­Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg. D’Evangelium nom Matthäus an D’Evangelium nom Johannes si virun e puer Méint erauskomm, elo gouf och D’Evangelium nom Markus op Lëtzebuergesch verëffentlecht. D’Iwwersetzunge si gemaach gi vum Grupp fir d’Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch.

Di 3 Täschebicher, éditéiert vum Äerzbistum, si bei Books on Demand erauskomm:

D’Evangelium nom Matthäus (ISBN 978-­3-7528­‐1519­‐1, 124 Säiten), D’Evangelium nom Johannes (ISBN 978­‐3-7528-1517-7, 100 Säiten), an elo nei: D’Evangelium nom Markus (ISBN 978-3-7448-8586-7, 88 Säiten); Books on Demand, 2018, 12 x 19 cm, 7 Euro (och als E-­Book fir 5,49 Euro).

Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.

Elo am Online-Handel - z. B. www.bod.de/buchshop an www.amazon.de
an och am Service Communication et Presse an am Centre Jean XXIII ze kréien!

Dir kënnt d’Buch (d’Bicher) geschéckt kréien (+ Porto) oder selwer ofhuelen – maacht Är Bestellung elo an Dir kritt d’Bicher virun de Feierdeeg:

Service Communication et Presse
Centre Convict – Entrée H, 1er étage
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
oder
Centre Jean XXIII
52, rue Jules Wlihelm
L-2728 Luxembourg

Hei kënnt Dir Är Bestellung opginn…

Flyer: Evangelien
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu