lb fr pt en
 
17. Abrëll 2018

Nei um Bichermaart: D’Matthäus- an d’Johannes-Evangelium

D’Bibel op Lëtzebuergesch: 2 Evangelien elo am Onlinehandel ze kréien

„Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft […] zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.“
+ Jean-­Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg. D’Evangelium nom Matthäus an d’Evangelium nom Johannes stinn an der Nofolleg vun der éischter offizieller Iwwersetzung vun Evangelientexter a Lëtzebuerger Sprooch. D’Iwwersetzunge si gemaach gi vum Grupp fir d’Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch.

Beid Täschebicher, éditéiert vum Äerzbistum, sinn elo bei Books on Demand erauskomm:

D’Evangelium nom Matthäus (ISBN 978-­3-7528­‐1519­‐1, 124 Säiten), D’Evangelium nom Johannes (ISBN 978­‐3-7528-1517-7, 100 Säiten), Books on Demand, 2018, 12 x 19 cm, 7 Euro (geschwënn och als E-­Book fir 5,49 Euro).

Den Erléis ass fir d’Fondation Sainte-Irmine.

Elo am Online-Handel - z. B. www.bod.de/buchshop an www.amazon.de - an ë. a. och am Service Communication et Presse, am Centre Jean XXIII, am Bicher- a Medienzelt vun der ErwuesseBildung an an der Structure d’accueil vun der Oktav ze kréien!

Dir kënnt d’Buch (d’Bicher) geschéckt kréien oder selwer ofhuelen:

Service Communication et Presse
Centre Convict – Entrée H, 1er étage
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
oder
Centre Jean XXIII
52, rue Jules Wlihelm
L-2728 Luxembourg

Hei kënnt Dir Är Bestellung opginn…

Flyer: Evangelien
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu