lb fr pt en
 
20. Abrëll 2019

Ouschteren: Well d’Léift dat lescht Wuert huet…

E Gedanken zum Héichfest vum Monique Hermes


Ouschteren…
Dee Jesus, dee gekräizegt gi war, ass operstan!
Um Ouschtermoien ass alles anescht!
 
Elo huet d’Hoffnung dat lescht Wuert,
net den Doud.
Elo ass d’Léift Meeschter ginn!
 
Grad dës Hoffnung,
gëtt äis Kraaft,
wann e léiwe Mënsch stierft.
 
Well dës Hoffnung seet äis:
Dee Mënsch lieft weider,
duerch d’Léift…
 
Ouschteren…
De Jesus, de Christus, lieft weider,
Fir datt mir am Doud net ënnerginn.
 
Ouschteren…
Well d’Léift dat lescht Wuert huet!
Well Ouschteren alles anescht mécht!
 
Monique Hermes
Kirchenfenster vom Künstler Enrico Leone Donati in der Kirche Sankt Karl Borromäus in St. Moritz (CH).
Foto by Elisabeth Werner / intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd]
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu