lb fr pt en de
 
1. Februar 2019

Bleif bei eis! – Reste avec nous !

De komplette Programm vun der Muttergottes-Oktav vum 11. bis de 26. Mee 2019 ass elo online

Samschdeg, 11. Mee

14.00 Auer Glacis-Kapell – Start vum Familljerallye
15.45 Auer Empfank vun de Pilgerinnen a Pilger um Parvis vun der Kathedral mat uschléissender Prëssessioun an d’Kathedral
16.00 Auer Feierlech Andacht zum Optakt
18.30 Auer Virowendmass
19.30 Auer Nuecht vun de Kathedralen

Sonndeg, 12. Mee

07.30 Auer Pélé des Jeunes – Wallfaart vun de Jonken
09.00 Auer Mass fir d’Pilger (Krypta)
10.00 Auer Mass fir d’Vollek Gottes mat Projets-Chouer
12.00 Auer Mass a franséischer Sprooch
15.00 Auer Mass fir d’Gemeinschafte vu Foi et Lumière an d’Frënn vun der Arche
17.15 Auer Laténgesch Marievesper
18.00 Auer Owesmass mat den neie geeschtleche Gemeinschaften an Initiativen
18.30 Auer Wallfaart vun der portugisescher Gemeinschaft – Départ virun der Häerz-Jesu-Kierch
19.15 Auer Mass mat der portugisescher Gemeinschaft

Méindeg, 13. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Par Iewescht Syr Saint-Esprit
08.45 Auer Mass fir d’Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas
10.00 Auer Mass fir d’Par Parc Our Saint-Nicolas
10.00 Auer Gebietsmoment „Schengen ouni Grenzen“ (Krypta)
11.15 Auer Mass fir d’Pilger aus der Diözes Metz
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.30 Auer Marievesper mat eucharisteschem Sege fir déi franséisch Pilger
15.00 Auer „Prière des mères“ virum Gnodebild
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.30 Auer Solidaritéitsgebiet
18.45 Auer Owesmass fir den LCGB
20.00 Auer Rousekranz mat eucharisteschem Sege fir d’Geweite Liewen

Dënschdeg, 14. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pare Bartreng-Stroossen Saint-Jean XXIII a Mamerdall Saint-Christophe
08.45 Auer Mass fir d’Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord
10.00 Auer Mass fir d’Par Kordall Sainte-Barbe
11.15 Auer Mass fir d’Benediktiner vun der Abtei Clierf
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.30 Auer Gebiet vun der Non mat de Benediktiner vun der Abtei Clierf
15.00 Auer Marieluef mat der Legio Mariae
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
16.00 Auer Katechetesche Moment (Biblesche Marionettentheater an der Krypta)
17.00 Auer Andacht mat Seenung vun de Kanner
18.15 Auer Mass fir d’Pare Miersch Saint-François a Mëllerdall Saint-Michel
20.00 Auer Rousekranz mat eucharisteschem Segen

Mëttwoch, 15. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pilger
09.45 Auer Mass fir d’Schoul vum Fieldgen
11.15 Auer Mass fir de Gemengerot an d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.00 Auer Mass fir d’Schoul Sainte-Anne vun Ettelbréck
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.00 Auer Stëllt Gebiet virum Gnodebild
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass fir d’Membere vun der Communauté Vie Chrétienne (CVX)
20.00 Auer Rousekranz mat eucharisteschem Segen

Donneschdeg, 16. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pilger
08.45 Auer Mass fir d’Par Déifferdeng Saint-François-d’Assise
10.00 Auer Mass fir d’Pilger aus der Diözes Nancy (Glacis-Kapell)
10.00 Auer Mass fir d’Paren Esch/Uelzecht Sainte-Famille a Suessem Christ Sauveur
11.15 Auer Mass fir déi vermëssten a gefale Jongen aus der Heemecht
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.30 Auer Mass fir d’Uleies vun der Groussherzoglecher Famill
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.00 Auer Stëllt Gebiet virum Gnodebild
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass
19.30 Auer Inklusiven Owesluef a Laut- a Gebäerdesprooch mat musikalescher Gestaltung duerch de Chouer vun der Kathedral

Freideg, 17. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pilger
08.45 Auer Mass fir d’Schoule vu Sainte-Sophie
10.00 Auer Mass fir d’Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l’Évangile
11.15 Auer Mass fir d’Lëtzebuerger Arméi a fir d’Police Grand-Ducale
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.30 Auer Mass fir de Kolléisch an d’Lycéeë vun der Stad Lëtzebuerg
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Mass fir d’Uleies vun der Beruffungspastoral, vum weltwäite Gebietsnetz vum Poopst, vun den neie geeschtleche Gemeinschaften, Beweegungen an Initiativen
20.00 Auer Gemeinsam Gebietswuecht fir Beruffungen
21.30 Auer Eucharistesch Adoratioun virum Votivaltoer
21.30-06.00 Auer Gebietsnuecht (Krypta)

Samschdeg, 18. Mee

06.00 Auer Ofschloss vun der Gebietsnuecht mat franséischer Laudes (Krypta)
06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger an d’Wueltäter vun der Kathedral
07.15 Auer Mass fir d’Geweite Liewen
09.00 Auer Priisterwei an Diakonewei
12.00 Auer Marianesche Concert
12.00 Auer Katechetesche Moment (Krypta / a franséischer Sprooch)
15.00 Auer Krankewallfaart mat Krankesalbung
17.30 Auer Virowendmass fir de Piusverband
19.00 Auer Mass fir d’Por Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Süden
20.00 Auer Liichterprëssessioun um Fest vun der Tréischterin vu Saint-Michel an d‘Kathedral

Sonndeg, 19. Mee

06.00 Auer Mass an der ausseruerdentlecher Form vum réimeche Ritus
07.00 Auer Mass fir den Uerde vun de Ritter vum Hellege Graf vu Jerusalem
08.00 Auer Mass fir de Konstantinuerden
09.00 Auer Mass fir d’ALUC a fir d’Universitéitsstudenten
10.15 Auer Marieluef
10.30 Auer Pontifikalmass
12.00 Auer Mass a franséischer Sprooch fir d’Lëtzebuerger an Amerika
15.00 Auer Mass fir d’Par Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Westen a fir d’Par Leideleng Saint-Corneille
16.30 Auer Mass fir d’Par Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Norden
18.00 Auer Mass fir d’Par Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Zentrum
19.30 Auer Ökumenesch Meditatioun an der Dräifaltegkeetskierch

Méindeg, 20. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Legio Mariae a fir d’Mission de l’Immaculée
10.00 Auer Mass fir d’Pare Rammerech Saint-Valentin an Atertdall Sainte-Claire
11.15 Auer Mass fir d’Mënsche mat enger Behënnerung
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.00 Auer Mass fir d’Wierker vun de Schwëstere vun der Helleger Elisabeth
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass
20.00 Auer Rousekranz gestalt vun der Diözesaner Kommissioun „Fra an der Kierch“ mat eucharisteschem Segen

Dënschdeg, 21. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pilger
08.30 Auer Mass fir d’Paren Hesper-Réiser-Weiler Disciples d’Emmaüs, Beetebuerg-Fréiseng Saint-André, Diddeleng Saint-Martin a Käldall Notre-Dame-des-Mineurs
10.00 Auer Mass fir d’Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul
11.15 Auer Mass fir d’Dekanater Arel, Florenville, Habay-Étalle, Messancy a Virton
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
15.00 Auer Marienandacht fir déi belsch Pilger
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.00 Auer Stëllt Gebiet virum Gnodebild
18.15 Auer Mass fir d’Pare Mess-Réibierg Sainte-Famille an Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire
20.00 Auer Rousekranz gestalt vu Missio Lëtzebuerg mat eucharisteschem Segen

Mëttwoch, 22. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Doumkapitel, de Bëschofsrot, de Centre Jean XXIII, d’LSRS, de Lëtzebuerger Priisterseminaire an de Seminaire Redemptoris Mater, d’Diözesankurie, de Service de la Pastorale an all kierchlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter
08.45 Auer Mass fir d’Par Steesel-Walfer Sainte-Trinité
10.00 Auer Mass fir d’Pare Clierf Saint-Benoît, Ëlwen-Wäiswampich Saint-François a Wëntger Sainte-Famille
11.15 Auer Mass fir d’Dekanater Bitburg, St. Willibrord Westeifel a Schweich-Welschbillig a fir d’Dekanat St. Vith (B)
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.30 Auer Marienandacht fir déi däitschsproocheg Pilger
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.00 Auer Stëllt Gebiet virum Gnodebild
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass mat der italienescher Gemeinschaft
20.00 Auer Rousekranz mat eucharisteschem Segen

Donneschdeg, 23. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir d’Pilger
10.00 Auer Mass fir d’Par Dikrich Le Bon Pasteur
11.15 Auer Mass fir d’Pare Wooltz Saints-Pierre-et-Paul an Öewersauer Saint-Pirmin
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.15 Auer Andacht fir déi eeler Leit
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
16.00 Auer Katechetesche Moment (Krypta)
17.00 Auer Andacht mat Seenung vun de Kanner
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass
20.00 Auer Rousekranz mat eucharisteschem Segen

Freideg, 24. Mee

06.15 Auer Mass fir d’Caritas
07.30 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
08.45 Auer Mass fir d’Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord
10.00 Auer Mass fir d’Par Musel a Syr Saint-Jacques
11.00 Auer Mass fir déi mam Häerz operéiert Leit (Krypta)
11.15 Auer Mass fir d’Dekanater Barvaux, Bastogne, Beauraing, Bertrix, Houffalize, Marche, Neufchâteau, St-Hubert a Vielsalm
13.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Krypta)
14.00 Auer Andacht fir déi belsch Pilger
16.00 Auer Pontifikalandacht mat Priedegt
17.00 Auer Stëllt Gebiet virum Gnodebild
18.00 Auer Eucharistesch Adoratioun (Votivaltor)
18.45 Auer Owesmass mat Koppelseenung, gestalt vun engem Projets-Chouer

Samschdeg, 25. Mee

06.15 Auer Laudes a Mass fir d’Pilger
07.30 Auer Mass fir de Syprolux a fir d’Kolpingwierk
08.45 Auer Mass fir Missio Lëtzebuerg, d’Missiounswierk an d’Lëtzebuerger Missionaren
10.00 Auer Mass fir d’ACFL a fir d’KMA
11.15 Auer Mass fir déi Deportéiert a fir déi politesch Gefaangen
15.00 Auer Wallfaart fir déi eeler Leit mat Mass
17.00 Auer Andacht fir d’Biber an d’Wëllefcher
18.30 Auer Mass fir d‘Lëtzebuerger Massendénger

Sonndeg, 26. Mee

06.00 Auer Mass fir d’Pilger
07.15 Auer Mass fir d’Frënn vum Camino de Santiago de Compostela
10.15 Auer Marieluef
10.30 Auer Pontifikalmass mat Erneierung vun der Wei un d’Tréischterin am Leed
12.00 Auer Mass a franséischer Sprooch
15.00 Auer Schlussprëssessioun vun der Oktav mat Schlussandacht
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmwelt- a Klimaschutz . Protection de l'environnement et du climat
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu