lb fr pt en
 
6. Februar 2020

Relais pour la vie: Mellt Iech elo un!

D’kathoulesch Kierch mécht nees mat beim Relais vun der Fondation Cancer den 21. an 22. Mäerz an der Coque

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie vum Relais 2019 ze kucken

Fir déi sechste Kéier hëlt eis Equipe “Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg” um Relais pour la vie an der Coque um Kierchbierg als Master Team (24 Stonnen) deel.

Jiddereen ass wëllkomm fir tëschent samschdes owes, den 21. Mäerz, 20 Auer a sonndes owes, den 22. Mäerz, 20 Auer an der Coque eng hallef resp. eng Stonn ze goen oder ze lafen.

D’Startgeld ass 10 € pro Persoun (am Personalbüro vum Bistum ofzeginn) a jiddereen, dee matmécht, kritt en T-Shirt vun eiser Equipe.

Häerzlech invitéiert sidd Dir och fir d’Cérémonie d’ouverture, samschdes owes um 18 Auer.

Fir all weider Info an Är Umeldung kënnt Dir Iech (bis de 15. Mäerz 2020) beim Dani Mackel um Tel. 462023-78 oder dani.mackel cathol.lu mellen.

Well all Equipe sech verflicht, en Don de l’Espoir ze maachen, kënnen och déi Léit, déi net aktiv matmaachen, eis Equipe mat engem Don ënnerstëtzen, deen Dir vun de Stéieren kënnt ofsetzen: Don de l’espoir.

Eis Kapitänin Dani Mackel an de Generalvikar Patrick Muller soen elo schonn, och am Numm vun der Fondation Cancer, e grousse MERCI fir Ärt Matmaachen an Är Solidaritéit.

www.relaispourlavie.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu