lb fr pt en
 
9. Februar 2018

Solidaresch mat den Awunner am Südsudan an am Kongo

Weltgebietsdag fir de Fridden: Interreliéist Gebiet den 23. Februar an der Häerz-Jesu-Kierch, Lëtzebuerg-Gare

De Poopst Franziskus rifft fir den 23. Februar 2018 zu engem Dag vu Gebiet a Faaschten op, a Solidaritéit mat den Awunner aus de Krisegebidder am Südsudan an an der Demokratescher Republik vum Kongo. Dat grousst Uleies vum Weltfridden soll deen Dag am Fokus stoen. Matmaache ka jiddereen duerch e Moment vu Stëllt a Solidaritéit mat den Awunner aus deene betraffene Regiounen oder duerch d’Deelhuelen un engem gemeinsame Gebietsmoment. Och an eiser Äerzdiözes sinn all Poren a Gemeinschaften invitéiert, d’Uleies vun dësem Weltgebietsdag fir de Fridden no hire Méiglechkeeten opzegräifen.

Am Kader vun engem interreliéise Gebiet an der Häerz-Jesu-Kierch (Lëtzebuerg-Gare) rifft den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg all Associatiounen an ONGen aus dem humanitäre Beräich op, hirer Solidaritéit duerch d’Gebiet e gemeinsamen Ausdrock ze ginn.

De Rassemblement ass e Freideg, den 23. Februar, um 12.15 Auer um Parvis vun der Garer Kierch. Duerno ass eng Gebietszäit vun 12.30 bis 13.00 Auer an der Kierch mat Vertrieder vun deene verschiddene Reliounen a Konfessiounen.

Op dësem weltwäite Gebietsdag fir de Fridden soll eis Solidaritéit mat de Mënschen an Afrika nei thematiséiert ginn, fir zesumme fir eng méi friddlech a gerecht Welt anzestoen.

Häerzlech Invitatioun!

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu