lb fr pt en
 
15. Januar 2018

Wëllt Dir Iech am neie Pastoralrot vun Ärer Par engagéieren?

Kandidaten fir d’Pastoralréit kënnen sech nach bis den 31. Januar 2018 an hirer Par mellen

No der territorialer Neiordnung an der Äerzdiözes, déi mat der Schafung vun den 33 neie Paren am Mee Réalitéit gouf, stinn elo organisatoresch an inhaltlech Froen am Fokus. Eng vun dëse Froen ass di künfteg Roll vun de Pastoralréit an d’Zesummenaarbecht mat de Pastoralequipen. Jiddereen, deen sech fir seng Par wëll engagéieren, ass wëllkomm. D’Mandat dauert 3 Joer a gëtt jidderengem Geleeënheet, fir sech fir déi Froen anzesetzen, déi him an der Kierch wichteg sinn

De Pastoralrot vun der Par … eng Plaz

  • fir sech fir d’Par ze engagéieren
  • fir dem Glawen e Gesiicht ze ginn
  • fir matzebestëmmen

De Pastoralrot ënnerstëtzt de Paschtouer an d’Pastoralequipe beim Opbau vun enger lieweger Par:

  • Fir de Glawen kennenzeléieren, en ze verdéiwen an e weiderzeginn
  • Fir d’Liewen an der Par ze plangen an ze orientéieren
  • Fir Ureegungen a Virschléi ze maachen
  • Fir opmierksam op déi besonnesch Liewenssituatioun vun de Mënschen an der Par ze sinn
  • Fir d’Uleies vun de Gleewegen an der Ëffentlechkeet ze vertrieden

Jiddereen, deen sech fir eis Par wëll engagéieren, ass wëllkomm. D’Mandat dauert 3 Joer a gëtt jidderengem Geleeënheet, fir sech fir déi Froen anzesetzen, déi him an der Kierch wichteg sinn.

Wann Dir interesséiert sidd, informéiert Iech bei engem Member vun der Pastoralequipe.
Kandidaten kënnen sech bis den 31. Januar 2018 an der Par mellen.

Fir Froen: Service de la Pastorale: Gérard Kieffer

Flyer Pastoralrot
Brief an die Pfarreien
Leitlinien für die Pastoralräte / Lignes directrices pour les Conseils pastoraux
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu