lb fr pt en
 
5. November 2018

Zu Fouss bei d’Graf vum hellege Willibrord

Den 10. November: Huelt deel um Pilgergank vu Steenem op Iechternach

Verschidde geeschtlech Gemeinschaften an Initiative, an Zesummenaarbecht mam Service de la Pastorale a mat der Par Regioun Iechternach St-Willibrord, lueden e Samschdeg, den 10. November, an op e Pilgergank bei d’Graf vum hl. Willibrord. De Pilgergank ass iwwerschriwwen: „Pèlerinage aux intentions d’une même mission. Vivre du Christ et l’annoncer par toute notre vie“.

De Programm:

14.00 Auer: Accueil vun de Pilger am Centre culturel „Fräihof“ zu Steenem.

14.30 Auer: Fousswee mat Statioune laanscht d’Sauer op Iechternach bis an d’Basilika (ongeféier 6 km)

17.30 Auer: Messe intercommunautaire an der Basilika, presidéiert vum Mgr. Jean-Claude Hollerich

Kontakt: Tel. 462023-42, pastorale cathol.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu