lb fr pt en
 
30. November 2018

Advent...

Déi aner Virbereedung op d’Fest - E Gedanke vum Monique Hermes

Véier Sonndeger lueden äis an,
äis anescht op d’Chrëschtfest virzebreeden.

Véier Sonndeger lueden äis an,
doriwwer nozedenken, wat wierklech wichteg ass.

Véier Sonndeger lueden äis an,
ze sichen, ze fannen an ze schenken:

• Eng Plaz, wou Rou ass,
wann d’Hektik iwwerhand hëllt.

• Mënschlech Wäermt,
wann e raue Wand äis riicht an d’Gesiicht bléist.

• E Stéck Heemecht,
wa mer verluer sinn an där anonymer Mass.

• En helle Stär, deen och fir äis liicht,
wann d’Orientéierung äis feelt.

Véier Sonndeger laang hu mer Zäit,
fir dem Kand eng Plaz virzebereeden…

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu