lb fr pt en de
 
10. März 2018

Annunciate - Verkënnegt

De Kommentar zum Sonndeg vum Fernand Huberty (11.3.2018)

(Jn 3,14-21)

Beim Evangelist Lukas fängt d’Wierke vum Jesus un mat dem Saz: „Der Geist des Herrn ruht auf mir, denn der Herr hat mich gesandt. Er hat mich gesandt, den Armen das Evangelium zu verkünden.“Dëst Wuert soll och hei bis zum Schluss wouer bleiwen duerch dat wat am Liewe geschitt.

Ass dat da fir eis geduecht? Si mir aarm? Dir hutt gesot eis Kierch ass räich; mir hunn dach alles, tatsächlech? Villes wat mir virun e puer Joer nach als selbstverständlech dohinner gestallt hunn datt mer et hätten, ass an der Tëschenzäit zu enger Fiktioun ginn. Hu mir nach Kraaft fir jonk Mënschen ze begeeschteren? Hu mir nach Kraaft fir Signaler ze setzen? Hu mir Kraaft, fir de Wee an dat 3. Joerdausend, dat am gaang ass, oprechtzeerhalen? Also stëmmt et vläicht um Enn guer net, datt mer räich sinn? Mir hu Wuelstand, mir hunn de Kapp iwwer dem Waasser, mä domadder huet et sech dann awer och. Et kënnt tatsächlech sichtbar ginn, datt mer zwar nach menge, mir wären dichteg a räich, an ech weess net wat nach alles? Mä dass mir a Wierklechkeet ganz aarm sinn, dat schéngt mer tatsächlech de Fall ze sinn. Also loosse mer eis net ze vill wichteg huelen. Mir sinn an esou vill Saache gepaakt, déi net zum Evangelium gehéieren, a mir mussen eis froen: wourop baue mir? Wouvu liewe mer wierklech? Si mir Liicht genuch, duerchsiichdeg genuch an duerchlässeg genuch, datt Gott duerch eis sichtbar gëtt, fillbar gëtt? Mir sinn zwar gedeeft a gefiermt, mä loosse mer eis da vun deem Geescht och leeden?

Vill Froen, léif Frënn. Wann dat d’Wourecht vun eisem Liewen ass, dann hu mer eise Kapp, eis Hänn, eist Häerz an eis Féiss fräi fir dat, wouzou Hien eis schéckt: d’Botschaft vu Jesus ze verkënnegen. Dat kann e grousse Changement ginn, net nëmme fir eis, mä och fir déi Aarm uechter d’Welt. Wa Gott hannert eis steeet, da brauche mer keng Angscht ze hunn. Mir kënnen eisen eegenen Aarmut an eis eegen Onzoulänglechkeet agestoen. Mir mussen eis net bretze mat Saachen, déi mer guer net kënnen oder net méi wëllen, mä mir mussen eis froe loossen: Wou sinn déi Arem fir eis? Wie mengt Gott domadder? An ech mengen dann entdecke mer selwer niewent eis matten an eisem Räichtum, wou eis Aarbecht ass. D’Ae ginn op, wéi dem Samariter um Wee no Jerusalem. Mir ginn da vläicht net méi laanscht, laanscht déi, déi haut an eiser Gesellschaft ënnert d’Reiber falen, laanscht déi, déi haut an eiser Gesellschaft duerch de Kuerf vun de soziale Secherheete falen well se net kënnen, net wëssen, net liese kënnen, iwwerhaapt net wëssen, vu wat ee schwätzt. Da gi mer vläicht net méi laanscht déi, déi aus frieme Länner un eis Diere klappen a soen: „Et geet net bei eis, bei eis ass keng Aarbecht, bei eis gëtt et näischt z’iessen, bei eis ass Krich, Aarmut, Honger, Nout …“

Léif Leit, mir dierfen net midd ginn eis wéinegstens drun z’erënneren datt mer net eleng op der Welt sinn. Nemmen esou wäit wéi mir et fäerdeg bréngen d’Botschaft vu Jesus ze verkënnegen si mir och Chrëschten. Et geet hei ëm den Eeschtfall. Et geet ëm d’Echtheet.

Nëmmen souwäit mir et fäerdeg bréngen an eise Porgemeinschaften an doriwwer eraus, de Gruef zwëschen aarm a räich e bësschen zouzeschëppen, kënne mer glawwürdeg Zeie vu Jesus Christus ginn déi och dierfen un dee selwechten Dësch kommen. Déi eigentlech Kluft an der Kierch verleeft net zwësche riets a lénks, zwëschen progressiv a konservativ, mä tëschent aarm a räich. Jee méi mer dës Kluft als Erausfuerderung erkennen an dru schaffe fir se z’iwwerwannen, desto méi ginn och déi ënnerkierchlech Konflikter onwichteg. Deenen Aarmen d’Evangelium ze verkënnegen, sollte mer net léiwer soen deenen Aarme fir d’éischt eppes z’iesse ginn, sou stellt de Franz Kamphaus, fréiere Bëschof vu Limburg, d’Fro, et ass keng Fro!!! D’Evangelium kann a muss op ville Plazen d’Gestalt vum Brout unhuelen, awer et ass eng teuflesch Versuchung d’Sehnsucht vun de Mënschen op den Honger no Brout ze verkierzen an dann nëmme méi Produkter ofzeginn, well de Mënsch dee lieft net eleng vum Brout. Wann dat nämlech de Fall wär, dann dierfte mer hei an Europa an hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt kee Problem hunn. Hei huet jiddwereen Brout fir ze liewen an trotzdem ass eis Gesellschaft am gaang zu Grond ze goen. Do mierke mer ganz däitlech: De Mënsch lieft net nëmme vu Brout, mä vun all Wuert, dat aus dem Herrgott sengem Mond kënnt.

Mir dierfen also net dat eent géint dat anert ausspillen. Eent eleng ass ëmmer ze wéineg, mä Gott am Brout an am Wuert, dat ass, wat mer brauchen an dat ass d’Evangelium vun haut.

Source: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu