lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
8. September 2018

„Effata, maach dech op“

De Kommentar zum 23. Sonndeg am Joreskrees vum Raymond Streweler (9.9.2018)

Mk 7, 31-37

Dafstomm – e fuerchtbart Lous. Wéi soll ee Mënsch, deen näischt héiert, schwätze léieren? Wéi soll hie mat anere kommunizéiere kënnen, wann hie sech net äussere kann? Mir bedaueren esou Mënschen. Bei Jesus bleift et net beim Matleed: „Effata“ – e Muechtwuert vun him – an den Dafstommen ass geheelt.

D’Liturgie gebraucht dëst Zeeche bei der Daf vun engem klenge Kand. Derhannert steet de Wonsch, datt dem Kand säi Glaf wiisst, datt et eppes héiert vu Jesus, datt et léiert nolauschteren, datt et vill gutt Wierder entdeckt, déi sengem Liewe Sënn a Richtung ginn. Et soll mat Freed sangen a sprange léieren a fräi sinn, sech matzedeelen. Als Kand krute mir oft gesot: „Hal de Mond“, amplaz eis opzefuerderen: „Maach dech op, deel dech mat, verkrauch dech net an dengem klengen ,Ego‘“. Well Kanner a vill Jugendlecher an enger digitaler Welt eleng gelooss ginn, ass eist Matenaner esou schwéier an eist Zesummeliewen esou aarm.

A wéi soll de moderne Mënsch di lues Téin vun der Léift héieren, wa Gedäisch an Techno him dauernd am Ouer leien. Wéi soll e Mënsch vun der befreiender Botschaft vu Jesus héieren, wa mir Chrëschte säi Wuert net verkënnegen?

De Poopst Franziskus gëtt net midd, eis ze soen: „Gitt eraus an d’Welt, un de Rand vun der Gesellschaft a schwätzt iwwert Äre Glaf, iwwert dat, wat Iech frou mécht, iwwert dee Gott, deen Ärem Liewe Sënn an Zil gëtt.“

An enger Reklamm um Radio fir eng Festlechkeet gëtt sënngeméiss op di Fro: „Wat maacht dir e Sonndeg“, geäntwert: „Ma mir fueren nom Kaffi mat der Famill op dat Fest, do ass eng lass.“ Wéi géifen d’Nolauschterer reagéieren, wann op déi Fro e Familljepapp geäntwert hätt: „Ma mir ginn e Sonndeg an d’Mass, an duerno fuere mir op dat Fest, wou eng lass ass.“? Firwat fäerte mir zu eiser Iwwerzeegung ze stoen?

Dem Jesus geet et beim Dafstommen ëm de ganze Mënsch, ëm Läif a Séil a Gemitt. Vill, déi schwätze kënnen, bleiwe stomm a loossen Onrecht einfach zou. A wien net nolauschtere kann oder wëllt, dee kann och net spieren, wat anerer fillen.

„Effata, maach dech op! – Deng Ouere mussen dach de Kreesch vun deenen Aarmen an der Welt héieren!“ Grad e Weltdag vun de soziale Kommunikatiounsmëttele weist eis di sëlleche performant technesch Méiglechkeeten, iwwerall an dauernd mam Nächsten a Verbindung ze stoen. Mir gi weltwäit alles gewuer a si beschtens informéiert, awer oft drécke mir eis laanscht d’Wierklechkeet a versichen, eis ze rechtfäerdegen. Fir e Chrëscht passt et sech net, schreift den Apostel Jakobus, falsch Récksiichten op „besser Leit“ ze huelen, awer onbaarmhäerzeg ëmzegoe mat deene Schwaachen aus eiser Gesellschaft. (Jak 2, 1-5).

Vill héieren zwar d’Fléi néizen, sinn awer daf fir d’Nout vun hire Matmënschen. Elementar Mënscherechter ginn einfach am politesche gesellschaftleche Matenaner um Altor vu wirtschaftlechem Zweckdenke geaffert. Firwat fäerte mir Chrëschten, haart an däitlech ze soen: „Mir gleewen un dee Jesus, dee geschéckt ginn ass, fir deenen Aarmen eng gutt Noochriicht ze verkënnegen, fir deene Gefaangenen ze verkënnegen, datt si fräi kommen, deene Blannen, datt si nees gesinn, fir di Gebrachen an d’Fräiheet ze schécken an e Gnodejoer vum Här auszeruffen.“ (Lukas 4,18).

„Effata“ – „Här maach eis Oueren an eise Mond op, an och eis Häerzer.“

Source: Luxemburger Wort

Raymond STREWELER
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu