lb fr pt en de
Wegweiser Jahr C (2018-2019)  
18. April 2019

Fir als Dénger fir d‘Mënschen ze liewen

„Wegweiser“ fir Gréngendonneschdeg vum Tanja Konsbruck (18.04.2019)

Gréngendonneschdeg: Dee fënneften Dag vun der Karwoch (kara = Klo, Kummer, Trauer) an deen éischte vun den dräi Kardeeg erënnert un deen Dag, wou de Jesus viru sengem Doud mat sengen zwielef Jünger dat lescht Abendmahl gefeiert huet.

Säit dem 13. Jarhonnert gëtt dësen Dag esou am däitschsproochege Raum bezeechent – huet awer mat der grénger Faarf absolut näischt ze dinn. Den Ursprung vum Wuert „grün – gréng “ kënnt aus der aler däitscher Sprooch vum Wuert „greinen“ (weinen – kräischen).

De Jesus huet, sou erzielen d‘Evangelisten, zesumme mat senge Jünger deen Owend viru sengem Doud giess. Dobäi kommen zwee ganz iwwerraschend Momenter:

De Jesus wäscht senge Jünger d‘Féiss – eppes wat soss ganz kloer d‘Aarbecht vun de Sklaven oder vun den Dénger war.

Mee de Jesus gesäit dat ganz anescht: „Ech hunn iech nämlech e Beispill ginn, fir datt dir et d’selwecht maacht, wéi ech et mat iech gemaach hunn.“ (Joh 13,15) seet hien. Hee seet et net just zu senge Jünger, mee och zu eis.

Hautdesdaags heescht et net méi, fir d‘Féiss engem ze wäschen – et kann heeschen, aneren ze hëllefen, aneren ze déngen. An dozou fanne mir alleguer ganz sécher vill Geleeënheeten.

Dem Jesus seng Wieder zum Brout an zum Wäin sinn déi zweet Iwwerraschung: „Dëst ass mäi Läif (1 Kor 11,23) … dëst ass mäi Blutt (1 Kor 11,24)“ seet de Jesus. Hie selwer ass bei all Eucharistiefeier am Brout an am Wäi géigewäerdeg. Mir Chrëschte gleewen dëst säit deem Dag vu viru bal 2 000 Jar.

Et ass ee grousse Kado, dee mir all Kéier kréien, wa mir am Brout an am Wäin de Jesus empfänken. Mir ginn esou gestäerkt – gestäerkt fir datt mir esou liewe kënne wéi de Jesus: Fir als Dénger fir d‘Mënschen ze liewen.

De Jesus war sech net ze schued, fir sech virun aner Mënschen ze knéien, fir deenen d‘Féiss ze wäschen; domat mécht hie sech wierklech zum Dénger vun de Mënschen. Mee, wéi ass et mat eis? Si mir och dozou bereet?

Kommt, mir ginn den Owend ganz bewosst an Erënnerungsfeier vum leschten Abendmahl, wou mir eis Gedanken iwwer eisen Déngscht vis-à-vis vun eise Matmënsche maache kënnen.

Quell: wort.lu

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu