lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
16. März 2023

Maacht eppes!

Kommentar zum 4. Fastensonntag von Gérard Kieffer (19.3.2023)

Et ass eis warscheinlech e bësse vertraut: de Jesus begéint mat senge Jünger e Mann, deen zënter senger Gebuert blann ass, an déi éischt Fro, déi d’Jünger sech stellen ass, wien dann elo Schold dorunner huet bzw. wie gesënnegt huet, d’Eltere vum Blannen oder de Blanne selwer?

Dem Jesus seng Äntwert huet näischt mat der Vergaangenheet ze dinn, also der Fro, wat dann elo d’Ursaach vum Gebrieche vum Mann ass. De Jesus kuckt no vir, hien erkläert, dass Gott säi Wierken un dësem Mann weise wëllt.

Erstaunlech, mir hätten eis wuel erwaart, dass Gott säi Wierken an engem schéine Sonnenënnergang um Mier, am Doft vun enger schéiner Blumm, der Gewaltegkeet vun enger Bierglandschaft oder an der Léisung vu weltwäite Konflikter géif weisen.

De Jesus seet, säi Wierke weist sech un engem Mënsch, dee guer net perfekt ass, deem esouguer e weesentleche Sënn feelt.

An de Jesus seet nach eppes zimmlech Ongemittleches: „MIR mussen d’Wierker vun deem, dee mech geschéckt huet, verwierklechen.” Bis elo hu mir geduecht, mir kéinten an eiser Fotell gemittlech nokucken. Mee domat ass Schluss!

Nokucke geet net méi, ewechkucken och net a fort goen och net. Mir si matten dran. Mir kënnen eis net eraus halen. Dofir ass de Glawen, wa mir dem Jesus nogoen, ëmmer och politesch. Et geet net ëm eng Partei, et geet drëm, eppes ze maachen, do ze bleiwen, ze kucken an ze handelen. Esou hunn d’Chrëschten nom Karfreideg an Ouschteren hire Glawe verstan an d’Geschicht vun haut ass net fir näischt eng Etapp um Wee op Ouschteren hin.

De Jesus hätt de Mann ouni Probleem direkt heele kënnen an sech vu senge Jünger bewonnere loossen. Mee hie seet: MIR mussen dat maachen, fir dat Gott eis geschéckt huet. …net nëmmen deemools, och haut.

Nach eppes Erstaunleches: an der Bibel schwätzt de Jesus selwer net vu Wonner, déi hie wierkt, mee vun Zeechen. En Zeeche weist drop hin, dass et ganz aner Weeër a Méiglechkeete gëtt mat Situatiounen ëmzegoen. Wa Mënschen am Ukraine-Krich nach Friemer bei sech doheem ophuelen oder zerstridde Noperen sech no den Iwwerschwemmungen ouni vill Ried géigesäiteg hëllefen, dann ass dat nach kee Wonner, awer et sinn Zeechen, Hiweiser drop, dass et anescht ka goen an sech entwéckelen. D’Wonner kënnt (villäicht) méi spéit.

Awer komme mir nach eng Kéier op den Text vum Evangelium zeréck: d’Geschicht erzielt och, dass de Jesus net komm ass fir einfach ze analyséieren, de Mënschen en externen Audit ze maachen, mee fir ze heelen, Courage ze maachen, Perspektiv, Dignitéit an Hoffnung ze bréngen. Wa mir bei de Froen no Ursaachen hänke bleiwen, da stelle mir just nach d’Schold fest a sichen een, deen se huet. D’Fro vun de Jünger ganz um Ufank vun der Geschicht féiert also net zu enger Léisung, wann d’Scholdfro esou zentral ass.

De Jesus seet: sicht net no der Ursaach, maacht eppes, wat d’Situatioun verbessert: „MIR mussen d’Wierker vun deem, dee mech geschéckt huet, verwierklechen.”

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu