lb fr pt en
 
31. Januar 2020

Weltdag vun de Kranken den 11. Februar: Kommt alle zu mir!

Feieren zu Brouch, Contern, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Heeschdref, Stroossen an an der Stad Lëtzebuerg

D’Weltkierch feiert den 11. Februar 2020 den 28. Weltdag vun de Kranken. De Message vum Poopst Franziskus fir dëst Joer ass iwwerschriwwen “Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken” (Mt 11,28).. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt de Weltdag mat verschiddene Feiere begaangen.

Fir d’Dekanat Lëtzebuerg ass e Freideg, de 7. Februar, um 15 Auer eng Krankesalbungsfeier an der Kierch zu Stroossen.

Weider Feiere sinn:

- 6. Februar: Hospice civil Pfaffenthal, Stad Lëtzebuerg: 15 Auer Krankesalbungsfeier mat uschléissend Kaffi a Kuch

- 8. Februar: CHdN Ettelbréck: 15 Auer, ökumenesche Wuertgottesdéngscht zum Krankendag

- 11. Februar: Kierch zu Ettelbréck: 10 Auer, Mass mat Krankesalbung fir all Krank aus eiser Par an all aner Leit

- 11. Februar: Zitha Senior Contern: 11 Auer, Mass mat Krankesalbung

- 11. Februar: Maredoc Heeschdref: 15 Auer, Krankesalbungsfeier

- 12. Februar: Ste Elisabeth am Park, Stad Lëtzebuerg: 10.30 Auer, Mass mat Krankesalbung

- 12. Februar: Fondation Pescatore, Stad Lëtzebuerg: 16.30 Auer, Mass mat Krankesalbung

- 20. Februar: Elysis, Stad Lëtzebuerg: 10.30 Auer, Mass mat Krankesalbung

- 7. Mäerz: Esch-Uelzecht, Kapell vun der italienescher Missioun (5, bvd Prince Henri): 15 Auer, frz. Mass mat Krankesalbung

- 19. Mäerz: Par Äischdall-Helpert St Willibrord: 15 Auer, Mass mat Krankesalbung an der Parkierch zu Brouch

Klickt op d’Foto, fir d’Billergalerie vun der Feier 2019 zu Stroossen ze kucken
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu