lb fr pt en
 
23. November 2018

D’Diözes Lëtzebuerg feiert 2020 150 Joer

Invitatioun un d’chrëschtlech Communautéiten, kierchlech Servicer a Mouvementer, Privatschoulen an Associatiounen, déi der Kierch nostinn, fir sech um Jubiläum ze bedeelegen

Un d’chrëschtlech Communautéiten,
kierchlech Servicer a Mouvementer,
Privatschoulen an Associatiounen,
déi der Kierch nostinn

Lëtzebuerg, den 21. November 2018

Léiwe Matbrudder, léif Schwëster,
Madame, Monsieur,

Den 20. Juni 1870 huet de Poopst Pius IX. no jorhonnertlaangen Tentativen, déi ëmsoss waren, Lëtzebuerg zur Diözes erhuewen, nodeems eis Kierch schonn 30 Joer laang, vun 1840 un, als relativ autonomt apostolescht Vikariat funktionnéiert huet. Bis dohi war si vun Nopeschdiözesen ofhängeg, fir d’lescht Namur, virdru Metz a während dem Mëttelalter bis zur Franséischer Revolutioun op 6-7 Diözesen opgedeelt, besonnesch Tréier a Léck. 2020 ginn et also 150 Joer, dass mer eng eegestänneg Diözes sinn, zënter 1988 Äerzdiözes, an dat soll gefeiert ginn.

Et versteet sech vum selwen, datt esou e Jubiläum, op der Zäitschinn gekuckt, dräidimensional begaange gëtt: mat Bléck an d’Geschicht, an d’Géigewaart an an eng hoffentlech gutt Zukunft.

Den Aarbechtsgrupp „150 Joer Diözes Lëtzebuerg“, deen den Här Äerzbëschof agesat huet, ass amgaang e Programm opzestelle respektiv unzereegen, mat Publikatiounen, Konferenzen, Ausstellungen an diversen Initiativen, déi d’Jubiläumsjoer 2020 sollen auszeechnen. Schonn elo wollte mir Iech op dësen Anniversaire opmierksam maachen an Iech invitéieren, Iech selwer och, souwäit et Iech méiglech ass a realistesch erschéngt, an dëse Courant mat anzebréngen duerch eegen Initiativen. Sollt et sech ëm gréisser Projeten handelen, da wiere mir vum Aarbechtsgrupp aus dankbar fir eng Réckmeldung op d’Mailadress 2020 cathol.lu, fir dass et eventuell kann an de Programm opgeholl ginn, an och fir dass Doubluren oder Konkurrenzveranstaltunge kënnen evitéiert ginn. Eise Programm gëtt am Hierscht 2019 verëffentlecht.

Schonn elo soe mer Iech merci fir Äert Interessi an déi Suite, déi Der dësem Opruff gitt. A mir verbleiwe mat beschte Gréiss,

Georges Hellinghausen
Responsabel vum AG 150 Joer Diözes Lëtzebuerg

2020 cathol.lu

Bréif: Annonce 150 Joer Diözes Lëtzebuerg
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu