lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 21. November gëtt vu Steenem iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 21. November gëtt vu Steenem iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Steinheim séngt ënnert der Direktioun vum Nadja Burdot-Koob. Op der Uergel spillt d’Ursula Kattinger-Stephany. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem séngt Kiermessonndeg d’Tëleesmass
D’Chorale Ste Cécile vu Steenem, déi am Joer 1895 gegrënnt gouf, besteet aktuell aus 16 aktiven Sänger a Sängerinnen, déi vill Interessi a Freed um Sangen hunn. Wien sech eemol d’Woch vum Alldagsstress befreien an entspane wëllt, ka gäre bei eis sangen kommen. Eng gutt Ambiance am Veräin ass garantéiert. Eis Prouwe sinn Mëttwochs um 20.00 Auer am Fräihof zu Steenem.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Andante Festivo (Sequenz 1) | Jean Sibelius |
---|---|---|
Agangslidd | Freuet euch allezeit | Klaus Heizmann |
Kyrie | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Gloria | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Zwëschegesang | Lob sei dir Herr | Mg. 173,1 |
Alleluja | Alleluja | Jacques Berchier |
Credo | gebiet | |
Gowelidd | Les mains ouvertes | Odette Vercroysse |
Sanctus | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Anamnes | Geheimnës vum Glawen | Mg. 1092 |
Agnus Dei | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Kommiounslidd | Gelobt seist Du Herr | J. Venatius v. Wöß |
Schlusslidd | Ne rentrez pas chez vous | P. Buchet |
Sortie | Andante Festivo (Sequenz 2) | Jean Sibelius |
- D’Sonndesmass gouf vun Zéisseng iwwerdroen (06.12.2020)
- D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen
- D’Mass um 18. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Wuelessen iwwerdroen
- D’Mass um 21. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beeler iwwerdroen
- Um Ouschtersonndeg gouf d’Sonndesmass vun Hueschtert (Nidderanven) iwwerdroen