lb | fr | pt | en |
D’Mass um 1. Advent gouf vun Aasselbuer iwwerdroen
Den 3. Dezember gouf d’Sonndesmass vun Aasselbuer iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Aasselbuer huet mat der Dirigentin Monique Palzer-Weber gesong, begleet op der Uergel vum Anne Weis-De Jongh. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste-Cécile Aasselbuer
Scho bal traditionell sange mir och dëst Joer eis Tëleesmass um 1. Advents-Sonndeg. Dëst Joer feiere mir zesumme mat der Amicale vun de fräiwëllege Pompjeeën, déi all Joer, den 1. Sonndeg am Dezember, hir Schutzpatréinesch, déi Helleg Barbara, éieren.
Eise Chouer besteet lo well 155 Joer an et mécht ëmmer rëm Freed an sou enger flotter Equipe souwuel kierchlech, wéi weltlech ze sangen. Mir hunn all Mëttwochs Prouf a probéieren och fir all Mass ee schéine Programm, mat deels neie Lidder, anzeprouwen. Fir de Moment hu mer 20 aktiv Sänger(innen), an et ass jidderee wëllkomm, dee gäre séngt. Avis aux amateurs.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Preambulum Quarti Toni | Johann Baptist Peyer |
---|---|---|
Agangslidd | Bereitet den Weg dem Herrn | Kommunität Gnadenthal / Arr. Anne Weis |
Kyrie | Können wir dem Herrn noch singen? | R. Haak / S. Fietz / Arr. Anne Weis |
Alleluja | Lasst euch anstiften zur Freude | R. Krenzer / D. Jöcker / Arr. Anne Weis |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Zeige uns, o Herr, den Weg | Peter Brettner |
Sanctus | Heilig, Herr und Gott | H. Virnekäs / P. Janssens / Arr. Anne Weis |
Agnus Dei | Lamm Gottes, gib uns Frieden | Helmut Leeb |
Kommiounslidd | Im Advent, im Advent | R. Krenzer / D. Jöcker/ Arr. Anne Weis |
Schlusslidd | Sankt Barbara | unbekannt |
Uergel: Sortie | Fanfare: Macht hoch dir Tür | Felix Bräuer |