lb | fr | pt | en |
D’Mass um Ouschtersonndeg gouf vun Dikrech iwwerdroen
Den 9. Abrëll gouf d’Sonndesmass vun Dikrech iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Dikrich gesong ënnert der Direktioun vum Raymond Majerus, op der Uergel begleet vum Maurice Clement. D’Mass gouf um 10.30 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Dikrich
D’Chorale Ste Cécile Dikrich gouf am November 1891 gegrënnt a konnt deemno am Jar 2016 den 125. Gebuertsdag ganz grouss feieren. An deem Jubiläumsjar ass och déi prächtig Thomas Uergel an der Dikricher Parkierch ageweit ginn.
Mat ëm déi 150 Aktivitéiten am Jar (Sonndes- a Feierdagsmassen, Prouwen, Hochzäits- a Begriefnismassen, asw.) ass d’Chorale e ganz engagéierte Veräin. Niewent deene ville reliéisen Asäz gëtt awer och de weltliche Gesank net vernoléissigt, sief et eleng oder mat anere Musiks- a Gesangsveräiner zesummen. Ënnert sech fleegen déi knapp 25 Sänger eng kollegial Entente, den Ekippegeescht an d’Freed um Sangen.
Geprouft gëtt mëttwochs vun 20.00 bis 22.00 Auer am Musikssall vun der Grondschoul.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Präludium und Fuge über : Christ ist erstanden | J. Kinzé |
---|---|---|
Agangslidd | Christus ist erstanden | LD 455 |
Kyrie | Messe für 4 Männerstimmen + Orgel | L. Menager |
Gloria | Messe für 4 Männerstimmen + Orgel | L. Menager |
Zwëschegesank | Das ist der Tag, den der Herr gemacht | Magn. 232-4 |
Alleluia | Alleluja - Ce jour que fit le Seigneur | J. Kinzé |
Victimae Paschali laudes | ||
Offertoire | Regina coeli | J. P. Beicht |
Sanctus | Ordinarium I Lux et Origo | |
Anamnes | Christ est venu | Wackenheim |
Agnus Dei | Messe für 4 Männerstimmen + Orgel | L. Menager |
Kommioun | Haec dies quam fecit Dominus | C. Ett |
Schlusslidd | Preis dem Todesüberwinder | LD 458 |
Sortie | Improvisatioun |