lb fr pt en
Sonndesmass  
12. Januar 2023

D’Mass vum 15. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen

De 15. Januar, gouf d’Sonndesmass vu Réimech iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech gesong. Dirigent war de Roby Pauly, Organist de Patrick Wilwert. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech

D’Chorale Ste Cécile vu Réimech gouf am Joer 1848 gegrënnt. Aktuell zielt si nach 18 aktiv Memberen. Si sangen all Sonndeg d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnesmassen.
Geprouft gëtt donneschdes owes an der Kierch vun 20.00-21.30 Auer. D’Chorale kritt vill Komplimenter gemat, mee dovunn eleng kann e Veräin net liewen; et giff si freeën, wa sech stëmmbegabte Leit entschléisse wéilten, dem Chouer bäizetrieden, well soss a noer Zukunft kee schéine Gesank méi vum Duxall erof erkléngt. A wéi sot den Hl. Augustinus: „Wie séngt, biet duebel!“

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Lobt Gott, ihr Christen, allzugleich, BWV 609 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Kommt, singt dem Herrn ein Lied Borroughs/Huff
Kyrie Missa brevis in C Robert Jones
Gloria Missa brevis in C Robert Jones
Alleluia Louange et gloire Jean-Jo Roux
Gowelidd Christ hier, Christ aujourd’hui Jean-Paul Lécot
Sanctus Missa brevis in C Robert Jones
Anamnes Jésus, nous rappelons ta mort Jean-Paul Lécot
Agnus Dei Missa brevis in C Robert Jones
Kommioun Panis Angelicus Claudio Casciolini
Schlusslidd Nun danket all Mg 267
Sortie Präludium in A, BWV 536 Johann Sebastian Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu