lb fr pt en
Weltkierch . Église universelle  
18. März 2019

“Wenn darum ein Glied leidet, leiden alle Glieder mit” (1 Kor 12,26)

Aleedung zum Bréif vum Poopst un d’ganz Vollék vu Gott vum Josy Birsens sj bei Geleeënheet vun der Soirée d’étude et d’échange de 7. Mäerz

De 7. Mäerz 2019 huet de Service de la Pastorale en Owend organiséiert, fir iwwer dem Poopst säi Bréif un d’Vollék vu Gott ze diskutéieren. Den Owend gouf ageleed mat zwou Interventioune vum Luis Martinez vum Service de la Pastorale a vum Josy Birsens sj. Mir publizéieren hei den integralen Text vum Pater Birsens.


Mir sinn et gewinnt, datt de Poopst Texter erausgëtt, Enzykliken, Apostolesch Schreiwes, Bréiwer asw. Heiansdo fanne si een Echo an de Medien, mee meeschtens wësse just “Beruffschrëschten”, Bëscheef, Priister an Theologe Bescheed. Den 20. August d’läscht Joer huet de Poopst Franziskus sech awer mat engem Schreiwes un d’ganz Vollék vu Gott gewandt, also un 1,3 Milliarde Katholiken an net nëmmen un e puer honnnert Spezialisten. Domatt wollt hie ganz sécher ausdrécken, datt et sech ëm ee ganz wichteg Uleies handelt, dat vun all gedeeftene Membere vun der Kierch a vun der ganzer Kierch als Gemeinschaft vu gläich Gestalltene sollt eescht geholl ginn.

Mir sinn zwar e bësse spéit un fir eis deem Thema haut den Owend unzehuelen, mee wéi Dir wësst, bleift et ëmmer nach aktuell a wäert eis wuel nach eng Zäit laang beschäftegen. Déi viirtläscht Woch huet zu Roum eng grouss Tagung zum Mëssbrauch an der Kierch stattfonnt, wou de Poopst am Schlussdokument nach eng Kéier ënnerstrach huet, wéi wichteg et ass, d’Leide vun den Affer eescht ze huelen, eis ze bekéieren an alles ze ënnerhuelen, fir datt esou Gräueltaten sech net widderhuelen. Dat aus der Iwwerleeung eraus, datt et sech hei weder ëm Kavaléiersdelikter handelt, nach ëm ee Mëssstand, dee just konjunkturell bedéngt wir a séier géif eriwwer goen. Neen, ë betrëfft déi ganz Kierch an alle Länner an Äerddeeler, ën zitt sech iwwert Joerzéngten hin an huet, laut der Diagnose vum Poopst a vu ville Spezialisten, mat enger Fehlform vun der Ausübung vun der Autoritéit ze dinn, déi d’Struktur vun der kathoulescher Kierch favoriséiere kann: de Klerikalismus. Och wann d’Kierch net déi eenzeg Organisatioun oder Deel vun der Gesellschaft ass, an där Kanner, Jonker a behënnert Persoune mëssbraucht gi sinn, sou muss si sech dach a Fro stellen an hannerfroe loossen fir eng nei Kultur a Strukturen ze schafen, déi dës schlëmm Ausbeutung vun deene schwächsten a verwondbarste vun hire Memberen ze verhënneren.

Eis Iwwerleeungen betreffen also net ee klenge Niewepunkt op der Dagesuerdnung, dee séier soll ofgehakt ginn, mee si hu wesentlech mat der Glafwirdegkeet vun der Kierch an hirer Neigestaltung ze dinn, wéi den Titel vun dësem Owend et ukënnegt: «que chaque baptisé se sente engagé dans la transformation ecclésiale et sociale dont nous avons tant besoin». Ech well iech a 4 Punkten eng Zesummefaassung vum Schreiwes vum Poopst Franziskus virdroe mat e puer perséinleche Gedanken a Reflexiounen:

• D’Perspektiv vun den Affer anhuelen
• Eng gemeinschaftlech Bekéierung
• Den Zesummenhang tëscht Mëssbrauch a Klerikalismus
• Eng Kultur vu Schutz opbauen, nom Beispill vun der Jongfra Maria

1. D’Perspektiv vun den Affer anhuelen

De Poopst Franziskus huet säi ganze Bréif ënnert d’Zitat aus dem 1 Kor 12,26 gestallt: “Wenn darum ein Glied leidet, leiden alle Glieder mit”. D’Stéchwuert “leiden/Leiden bzw. Schmerz – wéi hunn/Péng” kënnt am Ganzen 18 Mol am Schreiwes erëm, dovu 9 Mol op der 1. Säit. Domat wëllt de Franziskus sech ganz däitlech op d’Säit vun den Affer stellen, vun deenen, déi Leed erfuer hun wéinst sexuellem, Muecht- oder Gewëssensmëssbrauch duerch “eng beträchtlech Zuel vu Priister an Uerdensleit”. Duerch hir Schold sinn déif Wonne bei de Betraffenen an hire Familljen entstanen, Wonne vu Péng an Ohnmacht, déi nie ganz verschwannen. Jiddereen, dee scho mat Affer vu sexuellem Mëssbrauch ze dinn hat, weess, wéi schlëmm dës Mënschen fir hiert ganzt Liewe geprägt sinn, wéi schwéier et fir si ass, mat de Konsequenzen eens ze ginn an een engjermoossen normaalt Liewen ze féieren. “D’Péng vun deenen Affer, sou de Poopst, ass eng Klo, déi géint den Himmel opsteigt an d’Séil beréiert, déi awer fir eng laang Zäit net bëuecht, verstoppt oder zum Schweige bruecht ginn ass.”

Wann de Franziskus da vum Kreesch vun de Mëssbrauchsaffer schreift, fillt een sech un de “Kreesch vun den Aarmen” erënnert am Apostolesche Schreiwes “Evangelii nuntiandi” vum Poopst Paul VI. (8. Dezember 1975). Deen Ausdrock ass bestëmmt bewosst gewielt an en dréckt aus, wéi héich de Franziskus ee gudden Ëmgang mat där Problematik usiedelt. Esou wéi säi Virgänger Paul VI. sech eng déif Erneierung vun der Kierch duerch d’Zouwendung zu den Aarmen gewënscht huet, ganz am Sënn vum “Pakt vun de Katakomben” beim 2. Vatikanum viru 50 Joer, sou wënscht den argentinesche Poopst sech eng déif Verännerung vun der Kierch vum 21. Jh. als Reaktioun op d’Kris vun de Mëssbräich. Dës Gläichstellung dréckt awer och aus, datt fir de Franziskus d’Affer vu Mëssbräich am Zentrum vum pastoralen Interessi vun der Kierch musse sinn, grad ewéi déi materiell Aarm, d’Prisonnéier an d’Migranten.

De Mëssbrauch gëtt zugläich gewëssermoossen an d’Kategorie vun den “himmelschreienden Sünden” gestallt fir hir Gravitéit ze ënnersträichen. An dëse Kreesch huet den Herrgott héieren, woumat hie weist, op wéi enger Säit hie steet, wéi mir et esou oft an de Psalmen, bei de Prophéiten aus dem AT an an den Evangelië liesen (cf. Magnificat). Nieft enger schaarfer Kritik vun de kierchleche Moossnahmen, déi probéiert hunn, dee Kreesch ze erstécken, rifft de Poopst derzou op, eis ze schummen an anzegesinn, datt mir net do stungen, wou mir hätte stoe missen, nämlech op der Säit vu Christus, dee mat allen Affer uechter d’Zäit um Kräiz leit. Déi Ontrei an dee Verrot, huet de spéidere Poopst Benedikt XVI. beim Kräizwee vun 2005 zu Roum gesot, huet eisem Erléiser besonnesch wéi mussen doen.

2. Eng gemeinschaftlech Bekéierung

Wéi op dee Kreesch reagéieren? Andeems mir eis bewosst ginn, datt d’Péng vun den Affer an hire Familljen och eis Péng ass! An zwar net nëmme jidderee fir sech, mee andeems d’Gemeinschaft vun der Kierch sech als Vollék vu Gott der Saach unhëllt. An dëser Akzentsetzung ass ganz kloer d’Handschrëft vum latäinamerikanesche Poopst erëm ze erkennen. Heiranner besteet och eng vun den Originalitéiten vun dësem Schreiwes: 11 Mol geet vum Vollék vu Gott Rieds, dovunner 10 Mol an dësem Abschnitt “2. … leiden alle Glieder mit”. Am Verglach dozou kënnt d’Bezeechnung “Kierch” nëmme 7 Mol am Text vir. Et ass dem Poopst also wichteg, datt d’Kierch als Vollék vu Gott, also der Gemeinschaft vun alle gläich gestalltene gedeefte Katholiken, gemeinsam no der richteger Äntwert op d’Fro vun de Mëssbräich bei sech selwer sicht.

Als éischt rifft de Franziskus demno zu enger Haltung vun Empathie op, déi awer net nëmme psychologesch oder sozial ze verstoen ass, mee am déifste Sënn theologesch: wann ee Member vun engem Kierper leid, da leid de ganze Kierper mat (Paulus). D’Leide vun de Mëssbrauchsaffer kann eis also net kal loossen, soss géif eppes mat eisem Glawen net stëmmen! De Poopst lancéiert hei net einfach ee moraleschen Appell, mee e rifft zu enger Verdéiwung vum Glawen op, duerch déi mir eis Häerzer beréiere loosse vum Leed vun deenen Aneren. Dat ass eng ganz wichteg Akzentsetzung vun dësem Bréif, déi et verdéngt, beduecht a meditéiert ze ginn! Et kann der ganzer Kierch als solcher net gutt goen, wann een Deel vun hir schlëmm leid wéinst Aneren, déi dat Leed och nach vertuschen oder net eescht huelen. Wann eise Kierper eng Wonn huet, reagéiert hien z.B. duerch eng méi staark Duerchbluddung, fir datt d’Haut nees zesumme wiisst. Genausou muss de Kierper vum Vollek vu Gott op déi schlëmm Wonn vun de Mëssbräich reagéieren, fir nees gesond ze ginn!

Eis gleeweg Äntwert op d’Mëssbräich an der Kierch kann nëmmen déi vun der Solidaritéit mat den Affer sinn, déi sech op eng dräifach Manéier ausbuchstabéiert:

- Den Affer vun all Form vu Mëssbrauch eng Hand entgéint strecken, déi sie beschützt an aus hirer Péng erléise kann;
- All dat uprangeren (dénoncéieren), wat d’Integritéit (Unversehrtheit) vun iergend enger Persoun a Gefor brénge kënnt; cf. #metoo; #dénoncetonporc;
- De Kampf géint all Form vu Korruptioun, besonnesch där spiritueller, déi de Franziskus aus dem Schreiwes “Gaudete et exsultate” definéiert als “eng bequem a selbstgefälleg Blannheet, wou schliesslech alles zoulässeg schéngt: Onwourecht, iwwel Noried, Egoismus a vill subtil Forme vu Selbstbezunnheet”.

Dës 3 Forme vun der Solidaritéit decken sech mat all den Efforten, déi schonn uechter d’Welt gemaach ginn, wéi d’Verbeedung vun enger “Null-Toleranz-Haltung” an d’Moossnahmen fir déi zur Rechenschaft ze zéien, déi ee Verbriechen géint d’Integritéit vu Mannerjähregen oder schutzbedürftige Mënschen entweder selwer begaangen oder gedeckt hunn. All dat betrëfft jidder gedeeftene Katholik an et geet ëm eng kierchlech a sozial Verännerung, déi net nëmmen eng perséinlech, mee eng gemeinschaftlech Bekéierung verlaangt. A grad wéi virdrun ass d’Motivatioun eng spirituell: op Christus kucken fir ze erkennen, mat wem hien sech selwer gär identifizéiert huet, do ze stoen, wou eiser Här wëll, datt mir stinn, eist Häerz also zu him ze bekéieren.

An engem laangen Abschnitt bekräftegt de Poopst Franziskus, datt d’Solidaritéit mat den Affer net nëmmen déi vun all Eenzelnen, mee vun der ganzer Kierch als Vollék vu Gott ass. Hien zitéiert dofir ee Passage aus “Gaudete et exsultate” fir erfirzehiewen, datt den Herrgott ee Vollék gerett huet a jiddereen seng Identitéit als Member vun dësem Vollék fënnt. Doraus schlussfolgert de Poopst, datt den Herrgott an eng sozial Dynamik antriede wollt an datt d’Aufgab vun enger Äntwert op d’Mëssbräich an der Kierch all Katholiken als Vollék vu Gott betrëfft an abezitt. Dat ass fir hien eng Grondviraussetzung fir d’Iwwel vun enger Kultur vu Mëssbrauch ze berengegen, andeems d’ganz Vollék vu Gott duerch Faaschten a Gebiet zur Quell vum Evangelium zeréckgeet. Doraus erwiisst d’Kraaft fir all déi Gräueltaten, déi besonnesch vu Priister an Uerdensleit begaange gi sinn, unzerkennen, ze verdamen a fir eis eegen an d’Sënde vun Aneren ëm Verzeiung ze bieden.

3. Den Zesummenhang tëscht Mëssbrauch a Klerikalismus

Wat eigentlech nei an de sprangende Punkt an dësem Schreiwes ass – an dat stellt eng Iwwerzeegung duer, déi de Poopst Franziskus säithier ëmmer nees widderhëllt –, dat ass de Lien tëscht dem Mëssbrauch vu Mannerjährigen an enger Fehlform vun der Autoritéitsausübung an der Kierch, dem Klerikalismus. De Poopst iwwerhëllt ee Passage aus sengem Bréif un d’pilgernd Vollék vu Gott am Chile (31. Mee 2018), wou et heescht:

“All Kéier, wou mir probéiert hunn, d’Vollék vu Gott auszestiechen, zum Schweigen ze bréngen, ze iwwergoen oder op kleng Eliten ze reduzéieren, hu mir Gemeinschaften, Programmer, theologesch Entscheedungen, Spiritualitéiten a Strukturen ouni Wuerzelen, ouni Gedächtnis, ouni Gesiicht, ouni Kierper a letztendlech ouni Liewe geschafen.”

Genau dat ass a villen (och neie) Gemeinschafte passéiert, an deene Verhalensweisen vu sexuellem, Muecht- a Gewëssensmëssbrauch virkomm sinn: do gouf et ganz staark klerikal Strukturen, déi d’Responsabel benotze konnten, fir hiert schändlecht Verhalen auszeüben an eventuell nach ze rechtfertegen.

De Klerikalismus kann ee geschichtlech definéieren als Führungsanspruch vu Priister oder Uerdensleit iwwert d’Liewe vun de Laien. Ën ass charakteriséiert duerch Stolz, Selbstherrlechkeet an Ofwäertung vun deenen Aneren. Dat muss natierlech net direkt zu Mëssbräich féieren, mee d’Gefor ass do, déi reliéis opgelueden a gesellschaftlech acceptéiert Iwwerleeënheet fir seng eegen onmoralesch Ziler auszenotzen. A wann déi Autoritéit dann och nach theologesch gerechtfertigt a iwwerhéicht gëtt, ka si zu enger Art Schweigekartell féieren, wou d’Fehler vun dene Verantwortleche vertuscht a verschwiege ginn, wou d’Affer am Fong keng Chance méi hunn. Dobäi ass de Klerikalismus net nëmme vu Kleriker gedroen, mee och vu Laien, déi si an där Haltung vun Iwwerleeënheet bestäerken, sie als Supermänner unhimmelen, hirer Autoritéit blann vertrauen an hir Schwächten, hir Mënschlechkeet absolutt net an d’An faassen.

Leider muss ee reng soziologesch bemierken, datt dës Form vun Autoritéitsausübung, déi an de Joren nom 2. Vatikanum um Ausstierwe war, duerch eng Art Ofwiermechanismus grad bei jonke Priister an neie geeschtleche Gemeinschaften nees an d’Moud komm ass. Mat engem fundamentale Muecht- a Bedeitungsverloscht vun der Relioun konfrontéiert, reagéiert eng Minoritéit vu Geeschtlech, andeems si sech am eegene Krees ofschotten an als erwielt an onberéierbar verstinn. Do geet dann op eemol nees Rieds vun der “ontologescher Differenz” oder vum “in persona Christi handelen”, woubei meeschtens vergiess gëtt, datt dëst Handelen grad am Kader vun der Mass dat vum Leiden a vum Kräiz ass, vum gréissten Déngscht aus Léift, vun der gewollter a gewielter Demütigung, an net dat vum Triumphator, deen iwwer d’Welt herrscht! Dës Opfaassung fënnt sech leider och bei Laien, déi esou eng Haltung matdroen ouni si ze hannerfroen. Esou bestätigen si de Priister an enger Roll, déi hien op Distanz setzt zu de konkrete Männer a Fraen, deenen hie begéint, déi hien mënschlech isoléiert an esou méi ufälleg mécht fir krankhaft affektiv Kompensatiounen ze sichen.

De Klerikalismus, sou de Poopst Franziskus, mécht net nëmmen d’Perséinlechkeet vun de Chrëschte futti, mee en tendéiert derzou, d’Gnod vun der Daf ënnerzebewäerten, déi den Hl. Geescht an d’Häerz vu sengem Vollék agegoss huet. Ë féiert zu enger Spaltung am Läif vun der Kierch, déi derzou bäidréit, vill vun den Iwwel, déi mir haut bekloen, weider lafen ze loossen. Ween also Neen zum Mëssbrauch wëllt soen, dee muss och Neen zum Klerikalismus soen a probéieren, eng geschwësterlech an transparent Kierch opzebauen, an där een deen Aneren a senger eegener Beruffung ënnerstëtzt a wäertschätzt. Autoritéit duerf a muss et och an der Kierch ginn, mee am Evangelium heescht et kloer an däitlech, datt et “bei eis” net sou soll si wéi an der Welt, wou déi déi Verantwortung droen déi aner beherrschen a si hir Muecht spire loossen (Mt 20,25-28 par.). Leider ass et awer oft derzou komm, datt vill vun “Déngen (Dienen)” an Déngerschaft geschwat ginn ass, och an offizielle Rieden an Texter, mee d’Realitéit war oft eng ganz aner!

Klerikal Haltungen erkennt dee Klerikale meeschtens net bei sech selwer, hie kann esouguer total iwwerzeegt sinn, alles fir den Déngscht vu Gott ze maachen, mee si spigelen sech an den Erfahrunge vun de Matchrëschten. Dofir kënne si och net behuewe ginn, andeems mir mam Fanger op dësen oder dee weisen, mee andeems am Dialog Vertrauen opgebaut gëtt an enger éierlecher Wäertschätzung ee vum Aneren. De Klerikalismus als Haltung ass inacceptabel a muss op allen Ebenen dénoncéiert ginn, mir mussen awer als gleeweg Gemeinschaften an als dat eent Vollék vu Gott Weeër fannen, fir dat Iwwel verschwannen ze dinn. An dofir brauch et Vertrauen, Oppenheet, Nolauschteren, Dialog, Bescheidenheet a vill Gedold!

An der Zeitung «La Croix» gouf et den 30. August d’läscht Joer een Dossier «10 pistes pour sortir du cléricalisme», déi ech Iech kuerz opziele wëll:

• D’Priister op hir richteg Plaz setzen
• D’Laien op hir richteg Plaz setzen
• D’Gläichheet vun allen virun der Daf an Erënnerung ruffen
• Ëffentlech d’Fehler vun der Kierch unerkennen an unhuelen
• Plaze vun Diskussioun an der Kierch schafen
• Vum Recht op seng fräi Meenung Gebrauch maachen
• D’Diözesen kollegial féieren
• De Laien Verantwortung iwwerdroen
• Fraen an d’Ausbildung vun de Priister mat abezéien
• Fraen op Autoritéitsposten an der Kierch ernennen

4. Eng Kultur vu Schutz opbauen, nom Beispill vun der Maria

Et ass bezeechnend, datt de Poopst Franziskus als Haaptuleedung, wéi d’Kierch als Vollék vu Gott op déi Kris vum Mëssbrauch bei sech ze reagéieren huet, spirituell Mëttel ugëtt: Faaschten a Gebiet (Mt 17,21). [1] Si drécken an der kathoulescher Traditioun am beschten eng Haltung vu Bekéierung an Demut aus, vun enger neier Hiwendung zu Gott, vun deem eleng eis d’Gnod vun der Erneierung zoukomme kann. Fir dëse Wee gëtt de Poopst Franziskus e puer Schrëtter un:

1. Eis virun den Herrgott an eis verwonnte Bridder a Schwëstere stellen als Sënder, déi ëm Verzeiung souwéi ëm d’Gnod vun der Schimt a vun der Bekéierung bieden a Moossnahmen erschaffen, déi am Aklang mam Evangelium stinn (cf. 1. Woch vun den Exercissen: virum gekräizigte Chritus bieden).
2. Déi schlëmm Doten (Gräueltaten), déi vu Priister an Uerdensleit a vun all dene begaange gi sinn, déi den Optrag haten, déi am meeschte verwondbar sinn ze beschützen, unerkennen a mat Péng a Schimt verdamen. Et ass de Moment vun der Wourecht, deen eleng fräi maache kann (Joh 8,32).
3. Bouss a Gebiet kënnen hëllefen, eis Aen an Häerzer fir d’Leide vun deenen Aneren ze schäerfen, vu Kanner, Jonken a behënnerte Persounen, an d’Begierde vum Herrschen a Besëtzen ze iwwerwannen, déi sou oft d’Wuerzel vum Mëssbrauch sinn.
4. Faaschte kann eis hongreg an duuschtreg maache fir méi Gerechtegkeet an undreiwen, an der Wourecht eis Heemecht ze fannen an eis op all Rechtsmëttel ze stäipen, déi néideg an ubruecht sinn.
5. Faaschten kann eis wakreg maachen an oprëselen fir mat alle Mënsche vu guddem Wëllen an der ziviler Gesellschaft zesummen ze schaffen fir all Form vu sexuellem, Muecht- a Gewëssensmëssbrauch ze bekämpfen.

Allem an allem geet et drëms, duerch déi Haltung vu Gebiet a Bouss d’Gowe vum Matleed, der Gerechtegkeet, der Virbeugung an der Erëmguttmaachung am Vollék vu Gott zum Wuessen ze bréngen. Zum Schluss setzt de Poopst eis dofir d’Jongfra Maria als Beispill virun Aen, déi beim Kräiz vun hirem Jong, bei sengem Leiden oprecht direkt derbei stung. Mat hir kënne mir, wann dat Leiden a Leed vum Mëssbrauch eis traureg an trouschtlos mécht, “méi am Gebiet verharren”, wéi den hl. Ignatius et réit, wann een an der Désolatioun ass (Exercissen, 319).

«Si als 1. Jüngerin léiert eis JüngerInnen alleguer, wéi mir eis vis-à-vis vum Leiden vum Onschëllegen ze verhalen hunn, ouni Ausrieden an Ängscht. Op Maria ze kucken heescht entdecken léieren, wou a wéi mir als JüngerInnen vu Christus ze stoen hunn."

Liest dozou och : Lettre du pape François au peuple de Dieu qui pèlerine au Chile : Quelques enjeux ecclésiologiques - Introduction par Luis Martinez

[1“Diese Art kann nur durch Fasten und Gebet ausgetrieben werden.” (!!)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu