lb | fr | pt | en | de |
Solidaritätsadresse zur Hochwasserkatastrophe
Erzbischof Jean-Claude Hollerich schreibt an Bischof Stephan Ackermann und an unsere Diözese
Exzellenz,
Lieber Bischof Stephan,
Die Hochwasserkatastrophe hat unsere Regionen hart und unvermittelt getroffen. Mit Bestürzung habe ich die Nachrichten verfolgt und die Bilder gesehen, die das ganze Ausmaß der verheerenden Flut und ihrer dramatischen Folgen zeigen. Ich bin erschüttert angesichts der steigenden Zahl an Toten und Verletzten auf dem Gebiet des Bistums Trier und der angrenzenden Regionen.
Ich möchte Ihnen persönlich und im Namen der Katholischen Kirche in Luxemburg versichern, dass wir uns mit allen Bürgerinnen und Bürgern der betroffenen Orte und Landkreise eng verbunden fühlen.
Unsere Gedanken sind in diesen Stunden ganz besonders bei allen Familien, die auf diese tragische Weise Angehörige verloren haben oder noch um Vermisste bangen.
Ich denke auch an die vielen Verletzten und an alle, die Hab und Gut verloren haben, und hoffe, dass die Welle der Solidarität und Hilfsbereitschaft ihnen Kraft und Mut gibt für die schwierige Zeit des Neuanfangs.
Ich schließe Sie alle in meine Gebete ein und empfehle Sie ganz besonders der Fürsprache Mariens, der Trösterin der Betrübten.
Diese Unwetterphänomene sind zugleich auch ein dringender Appell an uns selbst, uns mit noch mehr Nachdruck für den Erhalt der Schöpfung einzusetzen und im Sinne von Laudato si‘ Sorge für das gemeinsame Haus zu tragen, damit dem Klimawandel und seinen verheerenden Auswirkungen Einhalt geboten werden kann.
Mit mitbrüderlichem Gruß,
+Jean-Claude Kardinal Hollerich
Erzbischof von Luxemburg
***
Message vu Solidaritéit
Déi schlëmm Iwwerschwemmunge vun deene leschten Deeg hu fir vill Stéit a Betriber grousse Misär mat sech bruecht. Gott sei Dank hu mir keng uerg Blesséierter an Doudeger ze bekloen, awer d’Gefill vun Hëlleflosegkeet virun der Zerstéierungskraaft vun de Naturgewalten huet déif Wonnen an de Séilen hannerlooss. Vill Geschiedegter sti viru grousse finanziellen a mënschleche Problemer a froe sech, wéi et viru geet. No der Coronakris ass d’Héichwaasser laanscht eise Flëss a Baachen eng weider staark Belaaschtung fir déi ganz Populatioun a besonnesch fir d’Proprietären an d’Salariéen a verschiddene Secteure vun eiser Ekonomie. Si all verdéngen déi bescht méiglech Ënnerstëtzung, fir datt sech nei Perspektive fir si opdinn.
Wéi Strale vu Liicht an der Däischtert vun der Zerstéierung sinn d‘Solidaritéit an d’Hëllefsbereetschaft vu ville Biergerinnen a Bierger, déi sech an den Déngscht vun de Sinistréierte gestallt hunn. Nieft dem professionellen an onermiddlechen Asaz vun eise Rettungsdéngschter a vun der Arméi sinn dës Zeeche vu Matmënschlechkeet immens wichteg fir dës Katastroph ze meeschteren an nees no vir ze kucken.
Ech fuerderen déi Gleeweg op - grad an de besonnesch betraffenen Uertschaften - ze kucken, wou si gebraucht ginn a wéi si Courage maachen an Hoffnung schenke kënnen. An de Gottesdéngschter vun dësem Weekend soll an de Fürbitten un déi Geschiedegt bei eis am Land an an den Nopeschregioune geduecht ginn.
Déi rezent Wiederphenomeener stellen och d’Fro no hiren Ursaachen a si stellen eis virun eis chrëschtlech Verantwortung, fir mat Determinatioun géint de Klimawandel virzegoen. Jidderee vun eis ass hei gefuerdert.
Je tiens à exprimer mes sentiments de profonde solidarité avec tous les sinistrés des inondations récentes, surtout avec les plus éprouvés. J’appelle tous les fidèles à s’associer aux initiatives d’entraide et de prière pour exprimer de manière concrète notre sollicitude avec les personnes dans le besoin.
J’implore la protection de Notre-Dame, Consolatrice des Affligés, sur tous les concernés et je vous assure de ma profonde communion.
+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- Cardeal Hollerich elogia contributo das comunidades migrantes e pede «espírito de serviço»
- Pontifikalmass op Nationalfeierdag mat Seminariste vu Paräis
- Solidaritätsadresse zur Hochwasserkatastrophe
- Mgr Hollerich salue la contribution des communautés de migrants et demande un « esprit de service ».
- Les Églises européennes demandent à l’UE de protéger les personnes vulnérables en Afghanistan