| lb | fr | pt | en |
21. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 16,13-20
13 Wéi de Jesus an d’Géigend vun Cäsarea Philippi koum, huet hien seng Jünger gefrot: “Fir wien halen d’Leit de Mënschejong?”
14 Si soten: “Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees anerer fir de Jeremias oder soss ee vun de Prophéiten.”
15 Hie sot zu hinnen: “An dir, fir wien haalt dir mech?”
16 De Simon Péitrus huet geäntwert: “Du bass de Christus, de Jong vum liewege Gott!”
17 Dueropshi sot de Jesus zu him: "Glécklech bass du, Simon, Jong vum Jonas, well net Fleesch a Blutt hunn dir dëst geoffenbaart, ma mäi Papp am Himmel.
18 An ech soen dir: Du bass de Péitrus, an op dëse Fiels bauen ech meng Kierch, an d’Paarte vun der Ënnerwelt ginn se net Meeschter!
19 Ech ginn dir d’Schlëssele vum Himmelräich; dat, wat s du op der Äerd matenee verbënns, ass och am Himmel matenee verbonnen, an dat, wat s du op der Äerd vunenee lassléis, ass och am Himmel vunenee lassgeléist."
20 Dunn huet hien de Jünger den Uerder ginn, kengem ze soen, datt hien de Christus wär.


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr