lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

4. Faaschtesonndeg A

Joh 9,1-41

1 Wéi de Jesus do gaang ass, huet hien e Mann gesinn, dee vu Gebuert u blann war.

2 Dunn hunn seng Jünger hie gefrot: “Rabbi, wien huet gesënnegt, esou datt dee Mann hei blann op d’Welt komm ass – hie selwer oder seng Elteren?”

3 De Jesus huet geäntwert: "Weder hien nach seng Elteren hu gesënnegt, ma et ass esou, fir datt dem Herrgott seng Wierker un him gewise gi kënnen.

4 Mir mussen d’Wierker vun deem, dee mech geschéckt huet, verwierklechen, esoulaang et Dag ass, well d’Nuecht kënnt, an där kee méi eppes wierke kann.

5 Esoulaang wéi ech an der Welt sinn, sinn ech d’Liicht vun der Welt."

6 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien op de Buedem gespaut. Hien huet mat dem Spaut Bulli gemaach an huet deem Blannen de Bulli op d’Ae geschmiert.

7 Du sot hien zu him: “Géi dech an de Schiloacher Bad wäschen (Schiloach gëtt iwwersat mat: deen, dee geschéckt ginn ass)!” Dee Blannen ass fortgaang an huet sech gewäsch, a wéi hien zréckkoum, konnt hie gesinn.

8 D’Noperen an déi Leit, déi hie fréier als Heeschemann kannt haten, soten: “Ass dat hei net deen, deen do souz ze heeschen?”

9 Déi eng hu gesot: “Et ass hien”, déi aner soten: “Neen, hie gläicht him just.” Hie selwer awer sot: “Ech sinn et!”

10 Dunn hunn si hie gefrot: “Wéi sinn deng Aen dann opgemaach ginn?”

11 Hien huet geäntwert: “Dee Mënsch, dee Jesus genannt gëtt, huet Bulli gemaach a mir en op d’Ae geschmiert, an hie sot zu mir: ’Géi op Schiloach a wäsch dech!’ Ech sinn also dohigaang, an nodeems ech mech gewäsch hat, konnt ech gesinn.”

12 Dunn hunn si hie gefrot: “Wou ass dee Jesus?” Hie sot: “Ech weess et net.”

13 Dueropshin hunn si dee Mann, dee virdru blann war, bei d’Pharisäer gefouert.

14 Deen Dag, op deem de Jesus de Bulli gemaach an deem Blannen seng Aen opgemaach hat, war awer e Sabbat.

15 D’Pharisäer hunn hien elo och nach eng Kéier gefrot, wéi et komm ass, datt hie gesi konnt. Hie sot zu hinnen: “Hien huet mir Bulli op d’Ae gemaach, an ech hu mech gewäsch, an elo kann ech gesinn.”

16 Du soten der e puer vun de Pharisäer: “Dee Mënsch kann net vum Herrgott kommen, well hien de Sabbat net anhält.” Anerer awer soten: “Wéi kann e Mënsch, deen e Sënner ass, esou Zeeche maachen?” An si ware gedeelter Meenung.

17 Du soten si op en Neis zu deem Blannen: “Wat sees du da vun him – et si jo deng Aen, déi hien opgemaach huet?” De Mann sot: “Hien ass e Prophéit.”

18 D’Judden hunn net gegleeft, datt hie blann gewiescht war an elo gesi konnt, bis si seng Eltere geruff

19 an si gefrot haten: “Ass dat hei äre Jong, vun deem dir sot, datt hie blann op d’Welt komm ass? Wéi kënnt et dann, datt hien elo gesäit?”

20 Seng Elteren hu geäntwert: "Mir wëssen, datt dat hei eise Jong ass an datt hie blann op d’Welt komm ass.

21 Wéi et awer kënnt, datt hien elo gesäit, dat wësse mir net, a wien seng Aen opgemaach huet, dat wësse mir och net. Frot hie selwer; hien ass al genuch, fir fir sech selwer ze schwätzen!"

22 Dëst soten seng Elteren, well si d’Judde gefaart hunn. D’Judden haten nämlech schonn ofgemaach, datt deejéinegen an de Synagogebann kéim, dee bekenne géif, datt de Jesus de Christus wär.

23 Dowéinst soten seng Elteren: “Hien ass al genuch; frot hie selwer!”

24 Dunn hunn d’Judden de Mann, dee blann gewiescht war, eng zweete Kéier geruff a soten zu him: “Gëff dem Herrgott d’Éier! Mir wëssen, datt dee Mënsch do e Sënner ass.”

25 Hien huet geäntwert: “Ob hien e Sënner ass, dat weess ech net. Ma eent weess ech: Ech war blann, an elo kann ech gesinn.”

26 Du soten si zu him: “Wat huet hie mat dir gemaach? Wéi huet hien deng Aen opgemaach?”

27 Hien huet hinne geäntwert: “Ech hunn iech et scho gesot, ma dir hutt net nogelauschtert. Firwat wëllt dir et nach eng Kéier héieren? Wëllt dir éiren och seng Jünger ginn?”

28 Dunn hunn si hien ugeranzt a soten: "Du bass e Jünger vun deem do, mir awer si Jünger vum Moses.

29 Mir wëssen, datt den Herrgott mam Moses geschwat huet; vun deem do awer wësse mir net, vu wou hien ass.”

30 De Mann huet hinne geäntwert: "Grad dat ass jo verwonnerlech, datt dir net wësst, vu wou hien ass, an dobäi huet hie mir d’Aen opgemaach.

31 Mir wëssen, datt den Herrgott net op Sënner lauschtert. Wien awer den Herrgott éiert an dat mécht, wat den Herrgott wëllt, op dee lauschtert hien.

32 Et huet nach sengerliewe keen héieren, datt een d’Ae vun engem, dee blann op d’Welt komm ass, opgemaach hätt.

33 Wann deen do net vum Herrgott kéim, dann hätt hien iwwerhaapt näischt kënne maachen.”

34 Du soten si zu him: “Du stéchs ganz an der Sënd, zënter datt s du op d’Welt komm bass, an du wëlls äis beléieren?” An si hunn hien erausgehäit.

35 De Jesus huet héieren, datt si hien erausgehäit haten. Wéi hien de Mann fonnt hat, sot hien zu him: “Gleefs du un de Mënschejong?”

36 De Mann huet geäntwert: “So mir, wien et ass, Här, fir datt ech un hie gleewe kann!”

37 Dueropshi sot de Jesus zu him: “Ma du hues hie scho gesinn – et ass deen, deen amgaang ass, mat dir ze schwätzen!”

38 Du sot de Mann: “Ech gleewen, Här.” An hien huet sech virum Jesus niddergehäit.

39 De Jesus sot: “Fir en Uerteel ze spriechen, sinn ech an dës Welt komm: Déi, déi net gesinn, solle gesinn, an déi, déi gesinn, solle blann ginn!”

40 Eng Rei vun de Pharisäer, déi bei him waren, hunn dat héieren, an si hunn hie gefrot: “Si mir éiren och blann?”

41 De Jesus sot zu hinnen: “Wann dir blann wäert, dann hätt dir keng Sënd. Elo awer, wou dir sot: ’Mir gesinn’, bleift dir an der Sënd.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu