lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Helleg Famill A

Mt 2,13-15.19-23

13 Nodeems d’Stärendeiter sech op den Heemwee gemaach haten, ass en Engel vum Här dem Jouseph am Dram erschéngen a sot: “Erwäch, huel d’Kand an seng Mamm a laf fort an Ägypten, a bleif do, bis ech dir Bescheed soen! Den Herodes wëllt d’Kand nämlech sichen, fir et doutzemaachen.”

14 Dunn ass de Jouseph erwächt, huet an der Nuecht nach d’Kand an seng Mamm geholl an ass an Ägypten gaang.

15 Do ass hie bliwwen, bis den Herodes dout war, fir datt sech dat erfëlle géif, wat den Här duerch de Prophéit gesot hat: Aus Ägypten hunn ech mäi Jong geruff.

19 Nodeems den Herodes gestuerwe war, ass en Engel vum Här dem Jouseph an Ägypten am Dram erschéngen

20 a sot: “Erwäch, huel d’Kand an seng Mamm a géi hannescht an d’Land Israel, well déijéineg, déi dem Kand d’Liewen huele wollten, si gestuerwen.”

21 Dunn ass de Jouseph erwächt, huet d’Kand an seng Mamm geholl an ass hannescht an d’Land Israel gaang.

22 Wéi hien awer héieren huet, datt den Archelaus elo amplaz vun sengem Papp Herodes Kinnek vu Judäa war, huet hie gefaart, fir duer ze goen. Esou wéi et him am Dram gerode ginn ass, huet hien sech an d’Gebitt vu Galiläa zréckgezunn

23 an huet sech do niddergelooss an enger Stad, déi Nazareth heescht, fir datt sech dat erfëlle géif, wat duerch d’Prophéite gesot gi war: Hie gëtt Nazoräer genannt.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu