lb | fr | pt | en |
21. Sonndeg am Joereskrees B
Joh 6,60-69
60 Vill vum Jesus senge Jünger, déi him nogelauschtert haten, soten: “Dat do sinn haart Wierder. Wie kann se nolauschteren?”
61 De Jesus, dee bei sech wousst, datt seng Jünger doriwwer geknoutert hunn, sot zu hinnen: "Stousst dir iech dorunner?
62 A wann dir de Mënschejong duer eropgoe geséicht, wou hie virdru war?
63 Et ass de Geescht, dee lieweg mécht; d’Fleesch daacht näischt. Déi Wierder, déi ech iech gesot hunn, si Geescht a Liewen.
64 Ma ’t gëtt der ënner iech, déi net gleewen." De Jesus wousst nämlech vun Ufank un, wien déi wären, déi net gleewe géifen, a wien dee wär, deen hie verrode géif.
65 An hie sot: “Dowéinst hunn ech iech gesot, datt kee bei mech komme kann, wann et him net vum Papp ginn ass.”
66 Dueropshi sinn der vill vun senge Jünger hirer Wee gaang, an si goungen net méi mat him virun.
67 Dunn huet de Jesus déi Zwielef gefrot: “Gitt dir éiren och gär fort?”
68 De Simon Péitrus huet him geäntwert: "Här, bei wie sollte mir goen? Du hues [dach] Wierder vun éiwegem Liewen!
69 Mir gleewen, a mir hunn erkannt, datt s du den Hellege bass, dee vum Herrgott kënnt."